Lalleng

Vu Wikipedia
Lalleng
Verwaltung
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Geographie
Koordinaten 49°30'38"N, 5°59'27"O
Transport


Lalleng ass e Quartier vun Esch-Uelzecht, am Nordoste vun der Gemeng.

Anescht wéi déi aner Quartiere vun Esch, déi, bis op den alen Duerfkär Al Esch, all eréischt vum spéiden 19. Joerhonnert u mat der urbaner Entwécklung vun Esch entstane sinn, war Lalleng och schonn an der virindustrieller Zäit eng kleng Uertschaft, resp. e gréisseren Haff. Op der Ferrariskaart ass Lalleng do, wou spéider d'Walzwierk vun Arbed-Schëffleng opgeriicht gouf. De Lallengerbierg huet och dozou gehéiert.

Bis un d'Enn vun der Neizäit huet Lalleng zu der Herrschaft Berwart gehéiert, an deemno net zu Esch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]