Lallenger Kierfecht

Vu Wikipedia
Lallenger Kierfecht
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Uertschaft Lalleng
Adress rue de Mondercange / boulevard Pierre Dupong
Fläch 20,1127 ha
Koordinaten 49° 30’ 47.23’’ N
      05° 59’ 26.80’’ O


De Lallenger Kierfecht (offiziell Cimetière de Lallange) läit am Quartier Lalleng vun Esch-Uelzecht an ass ee vun den dräi Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Espaces verts vun der Escher Gemeng falen. Mat eppes méi wéi 20 ha ass et de gréisste Kierfecht an der Stad.

Um Lallenger Kierfecht gëtt et eng speziell Sektioun fir déi jiddesch an eng fir déi muslimesch Communautéit. Et gëtt och e speziellen Deel fir Kanner déi bei der Gebuert oder kuerz duerno gestuerwe sinn.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Kierfecht läit südlech vun der Autobunn A4, tëscht der Monnerecher Strooss am Westen an der Lëtzebuerger Strooss am Osten. Den Haaptagank ass um südwestlechen Eck (Rue de Mondercange / boulevard Pierre Dupong). En Niewenagank ass direkt am Ufank vun der Uertschaft wann ee vun der Autobunn kënnt a Richtung Zentrum (= Ufank vun der Lëtzebuerger Strooss), wou och eng Parkplaz an de separaten Agank vum jiddeschen Deel vum Kierfecht ass. En zweeten Niewenagank ass an der Monnerecher Strooss vis-à-vis vum Haus Nr. 180.

Monumenter um Kierfecht[änneren | Quelltext änneren]

  • Gedenkplack fir d'Militant·inn·e vun der Escher LSAP
  • Monument fir 52 Sowjetbierger déi an der Zäit vum Zweete Weltkrich als Krichsgefaangen oder Ostarbeiter gestuerwe sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: UdSSR-Monument Esch-Uelzecht.

Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lallenger Kierfecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]