Zénon Bernard (1893)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem 1893 gebuerenen an 1942 gestuerwenen Zénon Bernard. Fir säin Enkel mam selwechten Numm (1944 gebuer), kuckt w.e.g. Zénon Bernard (1944).

De Zénon Bernard, gebuer de 15. Februar 1893 zu Koler a gestuerwen de 25. Juli 1942 zu Kassel war e lëtzebuergesche KPL-Politiker, Resistenzler a Foussballist.

Den Zénon Bernard war President vun der Kommunistescher Partei. Nodeems d'kommunistesch Partei bei de partielle Legislativwalen vum 3. Juni 1934 am Walbezierk Süden 7,3% vun de Stëmmen erreecht hat, koum de Zénon Bernard als Deputéierten an d'Chamber. No gréisseren Debatten an der Chamber, gouf de 27. November 1934 d'Wal vum Zénon Bernard fir ongülteg erkläert an hie krut säi Mandat entzunn. Deen Dag hat hie seng eenzeg Ried an der Chamber gehalen.

Am Oktober 1934 gouf hien an den Escher Gemengerot gewielt. Hie war 1936 Matgrënner vum Bauaarbechterverband. Nom däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg gouf hien am September 1940 vun der Gestapo verhaft. Hien ass a Gefaangeschaft gestuerwen.

Zu Esch-Uelzecht an zu Déifferdeng erënneren no him benannte Strooss un hien.

Als Foussballist huet hien am Sporting Club Luxembourg gespillt, an huet Lëtzebuerg zweemol der Nationalequipe vertrueden. Hien huet den 29. Oktober 1911 an den 8. Februar 1914 jeeweils an engem Match géint Frankräich matgespillt a beim Match 1914 ee Gol geschoss. [1]

Referenzen [änneren]