Mandy Minella

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mandy Minella
Minella RG13 (3) (9384966366).jpg
Nationalitéit: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Gebuertsdag: 22. November 1985
Gréisst: 180 cm
Gewiicht: 65 kg
1. Profisaison: 2001
Spillhand: Riets, beidhänneg Réckhand
Trainer: Tim Sommer
Präisgeld: 904.023 $
Eenzel
Carrièrebilanz: 318:236
Titel: 0 WTA, 9 ITF
Bescht Plaz: 66 (17. September 2012)
Aktuell Plaz: 123
Grand-slam-Bilanz
Grand-Slam-Titel: 0
Dubbel
Carrièrebilanz: 99:117
Titel: 2 WTA, 5 ITF
Bescht Plaz: 47 (29. Abrëll 2013)
Aktuell Plaz: 110
Grand-Slam-Bilanz
Grand-Slam-Titel: 0
Leschten Update 22. Juli

D'Mandy Minella, gebuer den 22. November 1985 zu Esch-Uelzecht ass eng Lëtzebuerger Tennisspillerin.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Si huet am Alter vu fënnef Joer ugefaangen Tennis ze spillen a konnt bis haut 8 Eenzel- a 6 Dubbelturnéier mat verschiddene Partnerinne vum ITF Women's Circuit gewannen.

Bei de Spiller vun de klenge Länner, konnt Mandy 2003, Sëlwer am Eenzel a Gold am Dubbel gewannen, 2005 am Eenzel an am Dubbel Gold an 2007 Goldmedaille am Dammendubbel. 2009 konnt si schliisslech hiren Erfolleg vun 2005 mat Gold am Eenzel an am Dubbel widderhuelen.

Den Duerchbroch ass hir 2010 bei den US Open zu New York gelongen, wéi si sech fir d'éischt Kéier fir d'Haaptfeld vun engem Grand-Slam-Turnéier qualifizéiere konnt. Si konnt sech géint d'Top-50-Spillerinne Polona Hercog an Zwetana Pironkowa duerchsetze bis si an der drëtter Ronn an zwéi Sätz géint d'Venus Williams verluer huet.

Den 23. Februar 2013 konnt Mandy hiert éischt WTA-Turnéier am Dubbel mat der Timea Babos zu Bogotá gewannen. Am Abrëll hunn déi zwee zu Marakesch hiren 2. WTA-Titel gewonnen.

D'Mandy Minella gouf 2011 als Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer gewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mandy Minella – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virdrun Olympic rings with white rims.svg  Sportlerin vum Joer  Olympic rings with white rims.svg Duerno
Marie Muller 2011 Marie Muller