David Hume
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den David Hume, gebuer de 7. Mee 1711 zu Edinburgh an do gestuerwen de 25. August 1776, war e schottesche Philosoph an Historiker.
De Jurist David Hume war fir d'éischt bei enger Firma beschäftegt, déi Handel zu Bristol bedriwwen huet. Tëschent 1733 a 1736 huet hien a Frankräich säi philosophescht Haaptwierk: "A Treatise of Human Nature" geschriwwen. Hien ass och Auteur vun enger Geschicht vun England tëscht der réimescher Eruwerung ënnert dem Cäsar an dem Jor 1688/89 ("Glorious Revolution").
| Commons: David Hume – Biller, Videoen oder Audiodateien |