Joseph Kieffer

Vu Wikipedia
Joseph Kieffer
Gebuer 26. Abrëll 1889
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 29. Dezember 1933
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Elektriker, Gewerkschaftler
Dem Joseph Kieffer säi Graf um Lallenger Kierfecht

De Joseph Kieffer oder Jos Kieffer, gebuer de 26. Abrëll 1889 zu Esch-Uelzecht an do gestuerwen den 29. Dezember 1933[1], war e lëtzebuergeschen Elektriker, Gewerkschaftler a Politiker.

Am Hierscht 1916 war de Joseph Kieffer ee vun de Grënner vun der Gewerkschaft vun de Mineuren a Schmelzaarbechter am Kanton Esch an hie war beim Streik vun de Schmelzaarbechter am Juni 1917 ee vun de Leaderen[2].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Joseph Kieffer am Escher Tageblatt vum 31. Dezember 1933 op eluxemburgensia.lu
  2. Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.109.