Theo Makowsky

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Theo Makowsky
Gebuer 1902
Gestuerwen 1989
Aktivitéit Jazzmuseker

Den Theo Makowsky, gebuer 1902 zu Oochen, a gestuerwen 1989 zu La Ciotat, war en Jazzbatteur, deen an den 1930er Jore virun den Nationalsozialisten aus Däitschland op Lëtzebuerg geflücht ass.

1919 hat hie säin éischt Engagement an engem Oochener Ënnerhalungsorchester, mat deem hie vill an Däitschland ënnerwee war. 1933 huet hien als Bouf vu polnesch-jiddeschen Elteren Däitschland misse verloossen. Zu Lëtzebuerg ass hie fréiere Musekskolleege wéi dem Efim Schachmeister oder dem Tommy Dallimore erëmbegéint, déi och Däitschland hu misse verloossen. De Lëtzebuerger Komponist an Dirigent Emile Boeres huet hien 1934 an den nationale Radiosdanzorchester engagéiert, wou och Museker wéi den Andy Felten, de Fred Gehlen an de Johnny Glesener gespillt hunn.

Den 10. Mee 1940 gouf hie mam Iwwerfall vun Däitschland op Lëtzebuerg gezwongen, och vun do virun den Nazien ze flüchten. Hien huet sech a Südfrankräich zeréckgezunn, wou hie bis zu senger Pensioun an enger Kueleminn geschafft huet.

Niewebäi huet hien nach a verschiddenen Amateurbande getrommelt.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Spautz, Roger: Luxemburgs Pioniere der leichten Muse. RTL Edition, Luxembourg 1983.
  • Urwald, Georges: De Litty - Les carnets didactiques du Cedom: Jazz zu Lëtzebuerg, Lëtzebuerg: Cedom/BnL, 2017.