Gabriel Attal

Vu Wikipedia
Gabriel Attal
Gebuer 16. Mäerz 1989
Clamart
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Institut d'études politiques de Paris,
Universitéit Panthéon-Assas,
École alsacienne
Aktivitéit Politiker
Partei Renaissance, Parti socialiste
Famill
Liewenspartner(in) Stéphane Séjourné
Papp Yves Attal
Mamm Marie de Couriss

De Gabriel Attal, gebuer de 16. Mäerz 1989 zu Clamart, am Departement Hauts-de-Seine, ass e franséische Politiker (Renaissance). Hien ass zanter dem 9. Januar 2024 Premierminister vun der Franséischer Republik.

Virdru war hie vu Juli 2020 bis Mee 2022 Porte-parole vun der Regierung, dono Delegéierte Budgetsminister am Finanz- a Wirtschaftsministère, an da vu Juli 2023 bis Januar 2024 Bildungsminister ënner der Premierministesch Elisabeth Borne, där hiren Nofollger en ass.

Hie war vun 2006 bis 2016 Member vum Parti socialiste (PS), 2017 gouf hie Member vun En Marche !. Vun 2012 bis 2017 war hie Conseiller a Riedeschreiwert am Cabinet vun der Sozial- a Gesondheetsministesch Marisol Touraine (PS). 2014 gouf hien an de Gemengerot vu Vanves gewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gabriel Attal – Biller, Videoen oder Audiodateien