François-Xavier Ortoli
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François-Xavier Ortoli gebuer de 16. Februar 1925 zu Ajaccio op Korsika, a gestuerwen den 30. November 2007, war e franséische Geschäftsmann a Politiker.
Den Ortoli huet d'École nationale d'administration gemaach a gouf duerno Conseiller vum Staatspresident Georges Pompidou. Tëscht 1967 bis 1972 war hie Minister a Frankräich, ë. a. fir Erzéiung, Wunnengsbau a Finanzen.
Tëscht 1973 bis 1984 war hie Member vun der Europäescher Kommissioun:
- 1973 bis 1977: President vun der Europäescher Kommissioun
- 1977 bis 1985: Commissaire fir Wirtschaft a Währungspolitik.
Vun 1984 bis 1990 hie Generaldirekter vun der Pëtrols-Entreprise Total.
| Virgänger: Sicco Mansholt |
President vun der Europäescher Kommissioun 1973 - 1977 |
Nofolger: Roy Jenkins |