Fënneft Republik
D'Fënneft Repbublik (fr: Cinquième République) ass de republikanesche Regime deen a Frankräich zënter dem 5. Oktober 1958 a Kraaft ass. Si ass d'Noflogerin vun der Véierter Republik déi 1946 agefouert gouf.
Geschicht[änneren]
Wéi de Charles de Gaulle den 1. Juni 1958 Président du Conseil gouf, huet hien eng Equipe ënner der Leedung vum Michel Debré op d'Bee gesat fir e Projet fir eng nei Konstitutioun auszeschaffen. Dee Projet gouf den 28. September 1958 duerch Referendum ugeholl a gouf d'Konstitutioun vum 4. Oktober 1958, och nach Konstitutioun vun der fënnefter Republik genannt.
Bis 2002 war d'Mandatsdauer vum Presidentenamt 7 Joer. Vun do u gët de President weenst enger konstitutioneller Reform aus dem Joer 2000 nëmmen nach fir 5 Joer gewielt. De President däerf eemol zreckgewielt gin.
Presidente vun der fënnefter Republik[änneren]
| Numm | Liewen | Mandat |
|---|---|---|
| Charles de Gaulle | 1890-1970 | 1959-1969 |
| Alain Poher (interim) | 1909-1996 | 1969 |
| Georges Pompidou | 1911-1974 | 1969-1974 |
| Alain Poher (interim) | 1909-1996 | 1974 |
| Valéry Giscard d'Estaing | 1926- | 1974-1981 |
| François Mitterrand | 1916-1996 | 1981-1995 |
| Jacques Chirac | 1932- | 1995- 2007 |
| Nicolas Sarkozy | 1955- | 2007- 2012 |
| François Hollande | 1954- | 2012- |