François Hollande
De François Gérard Georges Nicolas Hollande, gebuer den 12. August 1954 zu Rouen, ass e franséische Politiker.
De 6. Mee 2012 gouf hien zum President vun der Republik gewielt.
Hie war vun 1997 bis 2008 Éischte Sekretär vun der franséischer Sozialistescher Partei (PS). Hie war och vun 1988 bis 1993 an dann nees zënter 1997 Deputéierten an der Assemblée nationale fir de Walbezierk Corrèze. Vun 2001 bis 2008 war hie Buergermeeschter vun Tulle an zënter 2008 President vum Conseil général de la Corrèze.
Bei de Presidentschaftswalen 2012 war hien de Kandidat vu senger Partei a gouf de 6. Mee 2012 mat 51,63% vun de Stëmmen am zweeten Tour géint den amtéierende President Nicolas Sarkozy gewielt. Hie gëtt domat de 24. President vu der franséischer Republik an de 7. President vun der Fënnefter Republik.
De François Hollande war 30 Joer mat der Ségolène Royal, der sozialistescher Presidentschaftskandidatin vun 2007, zesummen, mat där e 4 Kanner huet. Zënter 2007 ass hien an enger Relatioun mat der Journalistin Valérie Trierweiler.
Wierker [änneren]
(Auswiel)
- "L'Heure des choix. Pour une économie politique", mam Pierre Moscovici, 1991. ISBN 2-7381-0146-1
- "L'Idée socialiste aujourd'hui", Omnibus, 2001. ISBN 978-2-259-19584-3
- "Devoirs de vérité", Interview mam Edwy Plenel, éd. Stock, 2007. ISBN 978-2-234-05934-4
- "Droit d'inventaires", Interview mam Pierre Favier, Le Seuil, 2009. ISBN 978-2-02-097913-9
- "Le rêve français", Privat, August 2011. ISBN 978-2-7089-4441-1
- "Un destin pour la France", Fayard, January 2012. ISBN 978-2-213-66283-1
- "Changer de destin", Robert Laffont, February 2012. ISBN 978-2-221-13117-6
Um Spaweck [änneren]
| Commons: François Hollande – Biller, Videoen oder Audiodateien |