Alfredo Stroessner

Vu Wikipedia
Alfredo Stroessner
Gebuer 3. November 1912
Gestuerwen 16. August 2006
Brasília
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Paraguay
Aktivitéit Politiker, Offizéier

Den Alfredo Stroessner Matiauda, gebuer den 3. November 1912 zu Encarnación a gestuerwen de 16. August 2006 zu Brasília, war vun 1954 bis 1989 President an Diktator vum Paraguay. Virdru war hie Generol a Commandant en Chef an der paraguayanescher Arméi.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als Jong vun engem däitschen Immigrant, huet den Alfredo Stroessner mat 16 Joer seng militäresch Karriär ugefaangen, wou en et séier bis ganz uewe bruecht huet. 1953 gouf e Commandant en chef vun der Arméi.

De 6. Mee 1954 huet e sech un d'Muecht geputscht a blouf 35 Joer laang President. Mat senger Partei, der Colorado-Partei, déi op alle wichtege Posten hir Leit hat, huet hien d'Land gefouert a kontrolléiert. Aussepolitesch huet hie sech als strengen Antikommunist positionéiert, soudatt em d'finanziell Ënnerstëtzung vun den USA sécher war. Onofhängeg Quelle schwätze vun enger 3.000 Leit, déi "verschwonne" sinn. E ganze Koup, déi net mat him d'accord waren, goufen an de Prisong gestach an do gefoltert. 2 Millioune Leit sinn an den Exil gaangen. De Stroessner hat dann och exzellent Relatioune mat den anere südamerikaneschen Diktaturen. Vill Nazien hu sech nom Zweete Weltkrich am Paraguay verkroch, dorënner och de Josef Mengele, Dokter zu Auschwitz.

Ee vun de gréisste Projeten ënner dem Stroessner senger Herrschaft war de Bau vum Itaipú-Staudamm. Den 3. Februar 1989 gouf de Stroessner entmuecht an en ass a Brasilien an den Exil gaangen, fir enger Uklo wéinst Verletzung vun de Mënscherechter z'entgoen. Do ass en am Alter vun 93 Joer gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Carlos. R. Miranda: The Stroessner Era: Authoritarian Rule in Paraguay, Westview Pr, Juni 1990, Hartdeckel, (am Ament vergraff)
  • Anibal Miranda: Stroessner, Miranda & Asociados, Asuncion, Paraguay, 2004.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alfredo Stroessner – Biller, Videoen oder Audiodateien