Tiberias

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Israel template.gif Dëse Geographiesartikel iwwer Israel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tiberias um Séi Gennesaret. Bléck op d'Promenade am Hafen.
Déi al Stadmauere vu Tiberias

D'Stad Tiberias' (hebräesch טבריה Tewerja, heiansdo och Tiberius) läit a Galiläa am Staat Israel, um Westufer vum Séi Genesareth, deen no der Stad och "Séi vu Tiberias" genannt gëtt (fr.: Lac de Tibériade). Si ass mat knapps 40.000 Awunner déi gréisst Stad am Jordan-Dall. D'Stad erstreckt sech vum Séi, deen 212 m ënner dem Mieresspigel läit, bis zu enger Héicht vun 457 m iwwer dem Waasserspigel vum Séi.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D' Stadt gouf vum Herodes Antipas vu 17 n. Chr. un gebaut a war als Haaptstad vum Land Galiläa. geduecht. Hiren Numm huet den Herodes zu Éiere vum réimeschen Keeser Tiberius gewielt. D'Stad hat eng gutt ausgebauten Infrastruktur mat Palaisen a typesch réimesche Baute wéi e Forum an eng Rennbunn. Well dobäi och Griewer vu Juden zerstéier gougen, gouf si vun de gleewegen Juden als unrein betruecht: D'Herrschaft vun de Réimer huet do ongeféier 150 Joer gedauert.

No der Zerstéierung vu Jerusalem huet sech d'Haltung vun de Réimer gegeniwer Tiberias geännert; d'Stad ass du méi selbstänneg ginn an zu enger vun de véier hellege Stied vun de Juden rugewuess. Am Joer 637 gouf d'Stadt vun den Araber ageholl. Duerno waren et d'Krezritter, déi d'Stad am Joer 1100 eruewert an duerch de Bau vun enger Stadmauer ofgesëchert hunn. D'Kreuzritter goufen iewer am Joer 1187 vum Sultan Saladin geschloen, sou dat d'Stad erëm zréck ënner d'osmanesch Herrschaft gefall ass, an eréischt am Joer 1517 erëm besidelt gouf.

D'Alstad, sou wéi se haut do steet gouf 1738 gebaut. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet d' Stad als jiidesch Siedelung, op déi stark Awanderung vu Juden hin, stark u Bedeitung gewonnen. Wéi 1948 den israeleschen Onofhängegkeetskrich augebrach ass, sinn dÄraber, déi bis do fiddlech mat de Juden zusammengeliewt hunn, fortgelaf.

Wirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

Tiberias ass den Zenter vun enger landwirtschaftlecher Regioun. Ugebaut ginn Uebst a Geméis, haaptsächlech Bananen, Dattelen a Drauwen.
Vill Touriste kommen op Tiberias, wann et roueg an der Géigend ass. De Grond dofir sinn op der enger Säit déi warem Thermalquellen, mä och d'Méiglechkeet déi d'Touristen hunn fir déi vill rondrëm aus der Bibel bekannte Plazen ze besichen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Séi an a senger Noperschaft gëtt et vill kuckeswäert Uertschaften a Plazen, déi aus der Bibel bekannt si, wéi:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tiberias – Biller, Videoen oder Audiodateien