Séi Genesareth

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Asia stub.png Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kaart mat der Lag vum Séi Genesareth
Reschter vun der Alstad Tiberias um Séi Genesareth
De Séi Genesareth

De Séi Genesareth läit am Jordan-Dall, am Norde vum Staat Israel. De Séi läit 212 m ënnert dem Mieresspigel an ass domat de déifstgeleeëne Séi vun der Welt. Mä hien ass net ganz déif ( 46 m op der déifster Plaz). Hien ass - jee no sengem Waasserstand - bis zu 21 km laang, an op senger breetster Plaz, 12 km breet.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographie

De wichtegste Floss, deen de Séi Genesareth speist, ass de Jordan, dee vu Norden an de Séi fléisst. Am Süde leeft de Jordan da weider a Richtung vum Doudege Mier. Op Plazen ginn et warem Quellen, ënnert aneren bei Tiberias. Duerch dës warem Quellen gouf de Séi schonns an der Antikitéit fir Erhuelung opgesicht. Am Séi Genesareth si vill Fësch. De Péitrusfësch (fr. Saint Pierre) ass eng Delikatess déi een do an all Restaurant opgedëscht kritt. Direkt um Südwestufer läit déi gréissten Uertschaft, Tiberias. De Séi Genesareth ass sou bekannt, well de Jesus vun Nazaret do gewierkt huet a mat dréchene Féiss iwwer d'Waasser gaangen ass. Vill Uertschaften um Séi an an der Noperschaft erënneren un d'Geschéien aus der Bibel.

[änneren] Waasserreservoir vun Israel

De Séi Genesareth stellt de gréisste Waasserreservoir an Israel duer. 1964 gouf de National Water Carrier gebaut. Et handelt sech dobäi ëm ee vun de gréisste Verdeelungssystemer vun Drénkwaasser op der Welt. Eng Leitung vun 2,75 m Duerchmiesser leet d'Waasser an de Groussraum Tel Aviv a bis an d'Negev Wüst.

[änneren] Kuckeswäertes

Um Séi an a senger Noperschaft ginn et vill Uertschaften a Plazen, déi aus der Bibel bekannt si, wéi:

[änneren] Um Spaweck

Commons: Séi Genesareth – Biller, Videoen oder Audiodateien

De Séi Genesareth 
De Séi Genesareth
 


Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen