Premierministere vun Israel
| Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bei senger Grënnung 1948 huet de Staat Israel e parlamentaresche Regierungssystem gewielt, mat engem Premierminister (hebr. ראש הממשלה, Rosch haMemschala "Ieweschte Chef vun der Regierung") un der Spëtzt vun der Regierung an engem President als Staatschef mat virun allem representative Funktiounen.
Wéi 1996 d'Direktwal vum Premierminister agefouert gouf, ass dësem seng Roll nach gestäerkt ginn, doduerch datt hie vun do un net méi vun enger Majoritéit am Parlament ofhängeg war. Well d'Direktwal sech iewer net bewäert huet, ass Israel an der Tëschenzäit rëm op den ale System zréckkomm.
Premierministere vun Israel [änneren]
Véier vun hinne ware während zwou Perioden, déi net direkt hannerenee louchen, a Funktioun.
| Numm | Amtsuntrëtt | Enn vun der Amtszäit | Partei | |
| 1 | David Ben Gurion | 1948 | 1954 | Mapai |
| 2 | Mosche Scharet | 1954 | 1955 | Mapai |
| David Ben Gurion (2. Kéier) | 1955 | 1963 | Mapai | |
| 3 | Levi Eschkol | 1963 | 1969 (gestuerf am Amt) | Mapai |
| 4 | Golda Meïr | 1969 | 1974 | Mapai |
| 5 | Jitzchak Rabin | 1974 | 1977 | Mapai |
| 6 | Menachem Begin | 1977 | 1983 | Likud |
| 7 | Jitzchak Schamir | 1983 | 1984 | Likud |
| 8 | Schimon Peres | 1984 | 1986 | Aarbechterpartei (Israel) |
| Jitzchak Schamir (2. Kéier) | 1986 | 1992 | Likud | |
| Jitzchak Rabin (2. Kéier) | 1992 | 1995 (am Amt ermuert) | Aarbechterpartei (Israel) | |
| Schimon Peres (2. Kéier) | 1995 | 1996 | Aarbechterpartei (Israel) | |
| 9 | Benjamin Netanjahu | 1996 | 1999 | Likud |
| 10 | Ehud Barak | 1999 | 2001 | Aarbechterpartei (Israel) |
| 11 | Ariel Scharon | 2001 | 2006 (wéinst schwéirer Krankheet geschäftsonfäheg deklaréiert) | Likud, Kadima** |
| 12 | Ehud Olmert | 2006 | 2009 (wéinst Korruputionsaffären zréckgetruede ginn) | Kadima |
| Benjamin Netanjahu (2. Kéier) | 2009 | Likud |
(*) 1968 ass d'Mapai mat anere Parteien ënner dem Numm Ma'arach zesummegaang, eng Formatioun, déi de Virleefer vun der Aarbechterpartei vun haut ass.
(**) Am November 2005 ass de Scharon aus dem Likud ausgetratt an huet mat anere fréiere Likud-Memberen déi nei liberal Partei Kadima gegrënnt.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Premierministere vun Israel – Biller, Videoen oder Audiodateien |