Golda Meir

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Golda Meir (1973).

D'Golda Meir (Hebräesch: גולדה מאיר), ursprénglech Golda Myerson, geb. Mabowitsch; gebuer den 3. Mee 1898 zu Kiew a gestuerwen den 8. Dezember 1978 zu Jerusalem, war eng israelesch Politikerin. Si war vun 1956 bis 1965 Ausseministesch vun Israel a vum 17. Mäerz 1969 bis den 3. Juni 1974 Ministerpresidentin vun hirem Land.

Wéi si kleng war, ass se 1906 mat hirer Famill viru Pogromen an d'USA geflücht, wou se hire Lycée gemaach huet. 1921 ass si mat hirem Mann, dem Morris Myerson, a Palästina wunne gaangen. Hire Mann ass 1951 gestuerwen. Si huet sech gewerkschaftlech engagéiert an ass zäitweilech als Delegéiert an d'USA hannescht gaangen. 1929 gouf si Member vum Zionistesche Weltkongress.

Si gouf 1948 bis Abrëlll 1949 déi éischt israelesch Ambassadrice zu Moskau. 1949 gouf si als Deputéiert an d'Knesset gewielt a gouf Aarbechtsministesch ernannt, wat se bis 1956 blouf. Vun 1956 bis 1965 war si Ausseministesch. 1966 bis 1968 war se d'Generalsekretärin vun hirer Partei, der Mapai-Partei.

De 17. Mäerz 1969 gouf d'Golda Meir Nofolger vum vertuerwene Premier Levi Eshkol. An hir Regierungszäit ass de Jom-Kippur-Krich gefall. Bei der Knesset-Wal vum 31. Dezember 1973 krut hir Parteiallianz manner Stëmmen, sou datt, no enger méi laanger Regierungskris, den 10. Mäerz 1974 eng Koalitioun zustane koum, dës awer schonn den 11. Abrëll 1974 auserneegebrach ass, an d'Meir nach faisant-fonction Premierministesch blouf, bis se den 3. Juni 1974 vum Jitzhak Rabin ofgeléist gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Golda Meir: Mein Leben. Ullstein, Berlin/Wien 1975, ISBN 3-455-05110-3 (Autobiografie).
  • Richard Amdur: Golda Meir: A Leader in Peace and War. Fawcette Columbine, New York 1990.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Golda Meir – Biller, Videoen oder Audiodateien