Goa

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lokalisatioun

Goa (Konkani: गोंय [goṃya]; Marathi: गोवा [govā]) ass dee klengsten indesche Bundesstaat. E läit un der mëttelster Westküst vun Indien. Goa huet eng Surface vun 3.702 Quadratkilometer a knapps 1,5 Milliounen Awunner (Vollekszielung 2011). D'Haaptstad vum Bundesstaat ass Panaji, von de Portugise Pangim a vun de Briten Panjim genannt.

De Bundesstaat ass no der fréierer Stad Goa genannt, déi haut Velha Goa heescht. D'Regioun war vu 1510 bis 1961 eng portugisesch Kolonie, wat bis haut a Kultur a Gesellschaft seng Spuren hannerlooss huet. Eng dovun ass déi héich Proportioun vu Katholiken an der Bevëlkerung.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Goa – Biller, Videoen oder Audiodateien