Avenir Beggen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Avenir Beggen
Avenir Beggen
Offiziellen Numm: Football Club Avenir Beggen
Spëtznumm: Wichtelcher
Veräinsfaarwen: Schwaarz-Giel
Grënnung: 1. Juli 1915
Stadion: Stade rue Henri Dunant,
Beggen
Plazen: 4 830
President: Jean Hansen
Trainer: Jos Steffen
Liga: Éierepromotioun
2008/09 Nationaldivisioun, 14. Plaz
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den F.C. Avenir Beggen ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Beggen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Am Laf vun der Zäit

[änneren] Vun 1915 - 1927: D'Ufanksjoren

U sech hat alles schonn 1914 ugefaangen. Nodeems d'Preisesch Truppen den 2. August a Lëtzebuerg agefall waren, goufen d'Schoulen zougemaach, an d'Dummeldenger Schmelz huet net méi geschafft. Als Zäitverdreif hunn déi jonk Beggener ugefaange Foussball op enger Wiss ze spillen. Op eemol koum dunn d'Iddi op, dach e richtege Foussballsclub ze grënnen. Et war op engem Sonndeg, dem "Märtesdag", datt se den éischte Match géint den FC Gilsdref gespillt hunn a mat 3-0 gewonnen hunn. Dëse Succès huet sech séier an den nërdleche Faubourge vun der Stad Lëtzebuerg erëm geschwat a Spiller vum Daring Eech a vum Sporting Dummeldeng hu sech deene Beggener ugeschloss an den 1. Juli 1915 gouf de Club offiziell gegrënnt.

"Étoile Sportive" war den éischten Numm vum Club an de Franz Deitz war den éischte President. Mä an der Uewerstad gouf et schonn e Club mat deem Numm, dofir huet e misse geännert ginn. De Grënnungsmember Nic. Tockert huet "Avenir" als Veräinsnumm virgeschlo an de Comité huet séier decidéiert fir dëse villverspriechenden Numm ze acceptéieren.

Esou séier et goung, hunn d'Membere vum Club en Terrain gelount, um "Duderhaff" an nach 1915 ass de Veräin der lëtzebuerescher Foussballfederatioun bäigetratt.

1917 huet de Veräin en neien Terrain gelount, zu Beggen selwer, tëscht der Uelzecht an der Schmelz. Spéider gouf aus dësem Terrain de "Stade Emile Metz-Tesch".

1918 huet de Club de Championnat vun der 3. Divisioun gewonnen an ass an d'2.Divisioun eropgeklomm, wou se bis 1923 bliwwe sinn. Well Nowuestalenter gefeelt hunn, an duerch finanziell Problemer ass de Club dunn erëm an d'3. Divisioun gefall an no just enger Saison huet de Club schonn de Comeback an der 2. Divisioun gefeiert.

1926 ass den FC Avenir an d'Promotioun eropgeklomm, wat déi zweethéchst Klass deemols war.

Mä 1927 ass en direkt erëm erausgefall nodeems en de Relegatiounsmatch géint den CS Péiteng verluer hat.

[änneren] 1927 bis 1945

Véier Joer laang huet den Avenir Beggen dunn an der 2. Divisioun gespillt. Et goufe vill Efforten an där Zäit gemaach fir de Club weider opzebauen an d'Konsequenz war 1931 den erneiten Opstig an d'Promotioun, mä no enger Saison si se erëm ofgestigen. Den 10. Juni 1933 war ee Meilesteen an der Geschicht vum Club. De Comité huet decidéiert eng Jugendequipe ze grënnen an huet ausserdeem en obligatoreschen Indoor-Training agefouert.

No der Saison 1933/34 ass d'1. Equipe an d'1. Divisioun opgestigen (wat dee Moment den zweethéchste Niveau war an déi Divisioun huet aus 8 Equippe bestan). No der Saison 1934/35 gouf d'Zuel vun den Equippen, souwuel an der 1. Divisioun wéi an der héchster Spillklass, op 10 Equippen eropgesat an doduerch hat den FC Avenir d'Chance an der 1. Divisioun bleiwen ze kënnen, obschonn se déi 8. a lescht waren.

1933 huet d'Jugendequipe fir d'éischt am Championnat matgespillt a gouf direkt 2. an hirem Distrikt, just ee Punkt hannert der Spora.

Vun 1935 bis 1937 gouf den Terrain komplett renovéiert. Sonndes, den 23. Mee 1937 gouf den neien "Stade Emile Metz-Tesch" ageweit an dat fir den offiziellen 20. Anniversaire vum Club, deen extra em zwee Joer no hanne verréckelt gouf, well den Terrain renovéiert gouf. Den FC Avenir huet bis 1981 op deem Terrain gespillt.

De Championnat 1937/38 huet dee bis deemools gréissten Erfolleg an der Veräinsgeschicht mat sech bruecht: d'1. Equipe ass an d'sougenannten Éierendivisioun, déi deemoleg héchst Spillklass, opgestigen. An där Zäit hunn d'Junioren och de Championnat an hirem 4. Distrikt gewonn. Donieft sinn déi zwou Equippe bis an d'Véierelsfinale vun hire jeeweilege Coupe-Compétitiounen virgedrong. Mä 1938 ass eng ganz jonk an onerfueren 1. Equipe erëm an d'1.Divisioun ofgestigen. An dëser 1. Divisioun ass den Avenir Beggen 4. ginn an der leschter Saison virum Krich, während d'Junioren hiren Distriktschampionnat erëm gewonn hunn.

No der Invasioun vun de Preise gouf de Club gezwonge sech a "Sport Verein 1915 Beggen" emzenennen, mä dee Numm gouf selbstverständlech no der Befreiung erëm geännert. Während dem Krich war et verständlecherweis net méiglech e gereegelte Championnat ze spillen an et huet bis 1945 gedauert, bis endlech erëm een normale Championnat konnt gespillt ginn.

[änneren] Vun 1945 bis 1959: D'Nokrichsjoren

1945 huet den FC Avenir de provisoresche Championnat am 3. Distrikt gewonnen. D'Jugendequipe huet hir éischt Finale vun der "Coupe Prince Jean" den 8. Juli 1945 géint d'Red Boys Déifferdeng gespillt. No engem 2-2 ass de Replay mat 0-2 verluer gaangen. An der éischter kompletter Nokrichsaison 1945/46 huet Beggen an der 1.Divisioun ugefaangen. Héichpunkter vun der Period bis 1957 waren de Gewënn vum Championnat an der Promotioun (3. Spillklass déi Zäit) an den Opstig 1948, d'Erreeche vun der Halleffinale an der Coupe de Luxembourg 1946 an 1950, d'Qualifikatioun fir d'Finale vun der "Coupe de la FLF" 1949 an am selwechte Joer de Gewënn vun der "Coupe régionale du Centre". Dëst waren dräi verschidde Coupe-Compétitiounen. D'Junioren hunn hiren Distriktschampionnat an de Joren 1946, 1951 an 1954 gewonn. 1957 si se bis an d'Halleffinale vun der Coupe du Prince komm an och an d'2. Divisioun opgestigen. D'Reserve vun der 1. Equipe hunn 1949 hiren Distriktschampionnat an der Promotioun gewonn. Mä fir d'1. Equipe war d'Saison 1957-58 kee grousse Succès, well se um Enn vun dëser Saison an d'2.Divisioun ofgestigen sinn.

[änneren] 1959 bis 1967

1959 ass eng ausseruerdentlech Erfollegsperiod ugaangen. Vun 1958 bis 1964 huet den Trainer Jim Kremer de Grondsteen geluecht fir all spéider Succèsen an der Geschicht vum FC Avenir Beggen. Nodeems d'1. Equipe de Championnat an der 2.Divisioun gewonnen huet, ass se och Champion vun der 1.Divisioun ginn (1960) an an déi deemoleg Éierepromotioun opgestigen, dëst am Joer 1962. Den Avenir Beggen war erëm an der héchster Spillklass!

Nom Ofstig 1964 sinn se just eng Saison ënne bliwwen an direkt erëm opgestigen an spille zanter 1965 onënnerbrach bis haut an der Nationaldivsioun. 1960 an 1963 ass d'1. Equipe bis an d'Véierelsfinale vun der der Coupe de Luxembourg komm.

D'Junioren hunn 1959 de Championnat an der 2. Divisioun gewonnen a sinn an d'héchst Spillklass opgestigen. 1960 hunn d'Juniore fir d'éischt an der Veräinsgeschicht d'Coupe Prince Jean gewonnen, an dat mat 2-0 géint d'US Diddeleng. 1965 hu si dëse Succès widderholl mat deem selwechte Resultat géint den SC Téiteng.

1959/60 huet fir d'éischt eng Scolaires Equipe vum Avenir Beggen e komplette Championnat gespillt. 1961, 63, 64 an 65 hu si den Distriktschampionnat gewonnen an 1964 ware se och Vainqueur vum "Challenge Gustave Jacquemart".

Vun 1960 bis 1962 goufen um Stade Emile Metz-Tesch eng iwwerdeckten Tribün a Gradinen gebaut, ausserdeem gouf och d'Flutliicht installéiert. Dës erfollegräich Period gouf 1965 mat de Festlechkeeten zum 50. Anniversaire vum Club gekréint.

D'1. Equipe huet d'Saison 1965/66 op der 6.Plaz an der National Divisioun ofgeschloss. Mä den absoluten Héichpunkt an där Saison war den Doublé vun de Junioren (Coupe a Championnat). De Marc Boreux gouf 1966 neien Haapttrainer an an där Saison gouf d'1. Equipe 8. am Championnat an d'Reserven hunn de Championnat an der 2. Divisioun gewonnen.

[änneren] 1967 bis 1975: Fir d'éischt Kéier Lëtzebuerger Champion

No enger 7. Plaz an der Saison 1967/68 ass den FC Avenir 1969 fir d'alleréischte Kéier a senger Geschicht Lëtzebuerger Champion ginn. Et war een onvergiesslechen 3-1 Auswärtserfolleg iwwer d'Jeunesse, virun iwwer 6000 Leit, deen de Championnat decidéiert hat. Duerch dëse Succès huet sech d' Equipe vum Avenir Beggen och fir d'Coupe d'Europe vun de Championen qualifizéiert, an där si géint de groussen AC Mailand gespillt hunn (0-5 zu Mailand, 0-3 an der Stad Lëtzebuerg). Donieft hu si d'Halleffinale vun der Coupe erreecht.

D'Saison duerno gouf Beggen just 7. an nach e Joer méi spéit si se 4. ginn. De Championnat vun de Reserve gouf 1972 gewonnen, an d'1. Equipe huet an deem Joer d'5. Plaz an der Nationaldivisioun beluecht. No där Saison huet den Trainer Marc Boreux no 6 Joer de Club verlooss.

Den Henri Cirelli war säi Successeur. D'Juniorsequipe huet 1973 eng weider Kéier d'Coupe du Prince gewonnen, a se goufen 2. am Championnat. D'1. Equipe huet an där Saison déi 8. Plaz beluecht während d'Reserven ofgestige sinn.

Am Ufank vun de 1970er Joren hunn eng Rei Jugendequippe vum FC Avenir un internationalen Tournoien ausserhalb vu Lëtzebuerg deelgeholl, speziell a Südfrankräich, déi op engem relativ héijen Niveau gespillt gi sinn. Dëst gouf dem Avenir Beggen e gudde Ruff a vum 17. bis 23. August 1973 huet de Club och esou een Tournoi organiséiert. Et hunn Equippen aus Marokko an vu Korsika deelgeholl, esou wéi Equippe vun Nice, Cannes an Audun-le-Tiche.

D'Saison 1973/74 huet d'1. Equipe fir d'éischt an der Veräinsgeschicht d'Coupe-Finale erreecht. Dëse Match gouf 1-4 géint d'Jeunesse Esch verluer. Trotz dëser Defaite huet Beggen sech fir d'Coupe des Coupes qualifizéiert, well d'Jeunesse och Champion ginn ass.

De Géigner an der 1.Ronn hätt solle Paralymni Famagusta vun Zypern sinn. Mä duerch déi deemoleg politesch Kris op Zypern huet déi Equipe decidéiert net unzetrieden an doduerch ass Beggen direkt an d'2. Ronn weiderkomm. Do sinn se op Roude Stär Belgrad getraff (1-6 zu Beggen, 1-5 zu Belgrad). E weideren Highlight vun där Saison war den 2. Gewënn vum Championnat vun de Junioren.

1974/75 huet Beggen sech fir d' UEFA-Cup qualifizéiert no der 2. Plaz am Championnat.

[änneren] 1975 bis 1985: Eng éischt Period mat groussen Erfolleger

Den 1. September 1975 hat den Avenir Beggen e Frëndschaftsmatch géint d'Profie vum FC Metz gespillt an 0-4 verluer. E weidere sportlechen Héichpunkt an dësem Joer vum 60.Anniversaire war déi éischt Participatioun un der UEFA Coupe, wou Beggen géint den FC Porto gespillt huet (0-7 auswäerts, 0-3 doheem). Mee de Championnat ass ganz schwéier ginn an et huet laang gedauert bis et sécher war, datt d'Equipe net géif ofsteigen.

D'Saison duerno (1976/77) ass de Josy Kirchens Trainer ginn, mä no kuerzer Zäit gouf hien duerch de Georges Krecké ersat. D'1. Equipe gouf 5. an där Saison an d'Reserve sinn an hirem Championnat an der 4.Divisioun Champion ginn an opgestigen.

Eng Saison méi spéit war et erëm en haarde Kampf géint den Ofstig a Beggen hat just 1 Punkt Virsprong op déi 2 Ofsteiger, d'Spora an d'Stade Diddeleng. Mä dat wichtegst Evenement an där Saison 1977/78 war d'ausseruerdentlech Generalversammlung, wou, nieft anere Saachen, en neien Comité gewielt gouf: de "berühmte" Comité ronderëm den Théo Mersch als President huet zënter deemools nëmme wéineg geännert.

An der Saison 1978/79 ass d'Equipe op d'4. Plaz am Championnat komm an d'Junioren hunn hiren 2.Championstitel gefeiert. Den neien Trainer fir d'Saison duerno war de Willy Macho, en Éisterräicher. De Michel Clement gouf Co-Trainer. Duerch verschidden Ännerungen am Spillerkader ass den erwaarte Schratt Richtung iewescht Regioune vun der Tabell ausbliwwen (8.Plaz). De Supporter-Club "Allez Beggen" huet säin 20. Anniversaire am August 1979 gefeiert, wou si en Tournoi organiséiert hu mat den Equippe vun de Red Boys Déifferdeng, Olympique Äischen, Etzella Ettelbréck an dem FC Avenir Beggen.

Den neien Trainer fir d'Saison 1980/1 war de Jean Bettinger. D'Equipe déi hien trainéiert hat, huet sech staark verbessert an ass zum Schluss och Fënneft ginn. Een negative Punkt an där Saison war den Ofstig vun de Junioren.

An der Saison 1981/82 huet de Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, Camille Polfer, den 1.August 1981 den neien Stadion an der Henri-Dunant-Strooss ageweit. D'Profisequippe vu Borussia Mönchengladbach a vum FC Metz hu fir déi Occasioun e Galamatch gespillt. Iwwer 3000 Leit ware fir dee Match op den neien Terrain komm, deen 3-1 vu Mönchengladbach gewonn gouf. Eng Woch méi spéit gouf den offiziellen "Tournoi d'inauguration" gespillt, wou den FC Avenir an der Finale 4-1 géint de Progrès Nidderkuer gewonn huet. No der Saison huet den FC Avenir Beggen säin 2.Championstitel an der Veräinsgeschicht gefeiert, mat engem Avantage vu 4 Punkten op Nidderkuer a 7 Punkten op d'Jeunesse.

Déi wichtegst Matcher am Ufank vun der Saison 1982/83 waren déi international Matcher am Europacup géint Rapid Wien (0-5 zu Beggen, 0-8 zu Wien). An déi Resultater hunn de Club zimlech geschockt. Trotzdem huet d'Equipe während der Saison zréckgeschlo an um Schluss fir d'éischt an der Veräinsgeschicht d'Coupe de Luxembourg gewonn an déi 2.Plaz am Championnat erreecht.

Fir d'Saison 1983/84 gouf de Paul Philipp Spiller-Trainer zu Beggen. Eng weider wichteg Verstäerkung war d'Verpflichtung vum Jemp Girres, dee vun der Union op Beggen gewiesselt ass. Um Enn vun där Saison huet den Avenir Beggen d'Lëtzebuerger Foussballwelt dominéiert: si hunn d'Coupe an de Champion gemaach a war domat eng vun deene 7 eenzegen Equippen, déi jee en Doublé gewonn hunn. Donieft gouf den Armin Krings Torschützekinnek mat 26 Goaler an der National Divisioun.

Natierlech war d'Saison 1984/85 schwéier wéinst dem Drock deen dunn op de Schëllere vun de Spiller louch, no all deenen Titelen déi an der Saison virdru gewonn gi sinn. Déi Kéier gouf Beggen "just" 3. am Championnat an huet sech fir d'UEFA-Coupe qualifizéiert. Den Armin Krings hat erëm déi meeschte Goaler an der National Divisioun geschoss an um Enn vun der Saison huet de Paul Philipp de Veräin verlooss fir Nationaltrainer ze ginn.

[änneren] 1985 bis 1990

Ugangs der Saison 1985/86 huet de Michel Clement d'Successioun vum Paul Philipp iwwerholl. Säin Assistent gouf den Ungar Lajos Subits, deen och de Posten vum Sportdirekter am Club iwwerholl huet. D'Equipe gouf mat de Lëtzebuerger Nationalspiller Théo Malget an Hubert Meunier verstäerkt, esou wéi vum jonken Däitschen Thomas Wolf. D'Saison konnt mam Gewënn vum 4. Championstitel an der Veräinsgeschicht ofgeschloss ginn. Den Armin Krings war erëm de beschte Goalgetter an der Nationaldivisioun mat 25 Goaler. Just d'Reserven hu méi eng schlecht Saison gespillt. Si sinn ofgestigen.

Fir d'Saison 1986/87 sinn zwee nei Spiller op Beggen komm: de Martin Jank an de Fred Schreiner. Enn August '86 gouf en internationalen Tournoi am Stade rue Henri Dunant gespillt. Nieft der Heemequipe hun d'Reserve vu Borussia Mönchengladbach a vum 1. FC Köln matgespillt, an den SC Birkenfeld. Um Enn vun dëser Saison ass den Avenir Beggen Zweeten am Championnat ginn, a si hunn d'Coupe gewonn andeems se an der Finale den Drëtten vum Championnat, d'Spora Lëtzebuerg, mat 6-0 iwwerrannt hunn. Den Armin Krings war erem Torschützenkinnek vun der Saison mat 24 Goaler.

1987/88: De System wéi de Championnat gespillt gëtt, gouf déi Saison geännert. De Play-Off-System no der regulärer Ronn gouf agefouert. Dräi nei Spiller hu fir déi Saison zu Beggen ënnerschriwwen: de Lex Wilhelm, den David Wynn an de Jean Mond. Während der Saison ass de Michel Clement aus perséinleche Grënn als Trainer zréckgetrueden an hien gouf vum Jean-Marie Nürenberg ofgeléist. D'1. Equipe gouf erem Zweet am Championnat an och Zweet an der Coupe (0-1 Defaite an der Finale géint d'Jeunesse). Déi Beggener ware glécklech datt si sech konnte fir d'Coupe des Coupes qualifizéieren, well d'Jeunesse och Champion gi war. D'Reserven sinn déi Saison alt erëm ofgestigen.

An der Saison 1988/89 ass de Louis Pilot, neien Trainer zu Beggen ginn. Hie konnt op net manner wéi 7 nei Spiller zielen. Déi wichtegst Matcher waren déi zwee Matcher an der Coupe d'Europe géint de KV Mechelen (FC Malines) (0-5 zu Mechelen, 1-3 zu Lëtzebuerg). Nom Championnat war Beggen op der véierter Plaz vun den Play-Offen an d'Coupe-Finale gouf erëm verluer, dës Kéier 0-2 géint d'Union um Terrain vun der Aris Bouneweg, wou d'Finale stattfonnt huet well de Stadion op der Areler Strooss ëmgebaut gouf. Dës Saison war déi éischt zënter 1982 wou Beggen sech net fir eng international Competitioun qualifizéiert hat.

Fir d'Saison 1989/90 hunn den Hubert Meunier an de Gilbert Dresch (dee bal 15 Joer zu Beggen gespillt hat) de Club verlooss. Si goufen duerch d'Fransousen Daniel Ferrassini a Mustapha Malek, an duerch de lëtzebuergeschen Internationalen Carlo Weis ersat. Bis bal un d'Enn vun der Saison huet et ausgesi wéi wa Beggen kéint den Doublé gewannen, mä de 75.Anniversaire vum Club war an ee schlecht Liicht geroden duerch eng intern Kris am Club, déi als Resultat hat, datt de Louis Pilot erausgehäit gouf a séier duerch den Albert Adams ersat gouf. Mä duerch dëst huet d'Equipe d'Selbstvertraue verluer an den alles entscheedende Match zu Beggen géint Union gouf 0-1 verluer, an dat virun iwwer 3000 Leit, déi sech vill erwaart haten fir dann déif enttäuscht ze ginn. E puer Deeg méi spéit huet Beggen dunn och nach an der Halleffinale vun der Coupe 2-4 zu Hesper verluer. Deen eenzege positive Punkt vun dëser Saison war d'Qualifikatioun fir den UEFA Cup.

[änneren] D'90er Joren

Déi Qualifikatioun fir den UEFA Cup huet Inter Bratislava aus der Slowakei als Géigner op Beggen bruecht an d'Saison huet optimal ugefaangen, well déi 2-1 am éischte Match konnte geschloe ginn. Déi Victoire war eppes wéi den Europäeschen Ufank fir den FC Avenir. Obschonn de Réckmatch zu Bratislava mat 0-5 verluer gaang ass an d'Equipe sech an där Saison net fir eng international Competitioun konnt qualifizéieren - duerch Nowierkunge vun de Problemer an der Saison virdrun - hu s et fäerdeg bruecht ë bësse Lëtzebuerger Foussballgeschicht an de kommende Joren ze schreiwen. 1992 hu se d'Coupe gewonn andeems d'Spora mat 6-0 ofgefäerdegt gouf a se hu sech fir d'Coupe des Coupes (déi et haut net méi gëtt) qualifizéiert. An der éischter Ronn si se op B36 Thorshavn vun de Färoerinsele gefall, e Géigner op zimlech deemselwechten Niveau wéi Beggen. An esou hu si sech fir d'2.Ronn qualifizéiert, 2-1 am zesummegerechente Resultat vun deenen 2 Matcher. Mä déi nach méi grouss Sensatioun koum dunn eng Ronn méi spéit: Beggen ass mat engem 0-0 an der Täsch vu Moskau heemkomm, wou se géint Spartak gespillt haten. Leider si se dunn erëm séier op de Buedem vun den Tatsaachen ukomm, wou se am Réckmatch zu Beggen 1-5 verluer hunn. D'Saison 1992/93 huet um Enn den zweeten Doublé an der Veräinsgeschicht mat sech bruecht andeems de Championnat gewonn gouf an natierlech d'Coupe an der Finale géint den F91 Diddeleng. Zréck an Europa huet Beggen just mat knappse Resultater erëm zweemol verluer, an zwar géint Rosenborg Trondheim (0-1 doheem, 0-2 auswäerts). Mä dat huet de Club net opgehale fir den "duebelen Doublé" ze realiséieren, d.h. an der Saison direkt duerno huet e seng 2 Titele verdeedegt an domat 2 Doubléen an der Zäit vun 2 Joer gewonn. Dobäi gouf den F91 an der Coupe-Finale geschlo. Mä déi Kéier hat en absolut keng Chance an der Qualifikatioun fir d'Champions League. Galatasaray Istanbul huet de Wiichtelcher eng Lektioun ginn, wéi ee Foussball spillt, a Beggen gouf 5-1 doheem an 4-0 auswäerts geschloen.

An der folgender Saison 1994/95 konnt dee gudde Laf vun 3 Coupen an 2 Championstitelen hannerteneen net weidergeféiert ginn an den Avenir huet sech "just" fir den UEFA Cup qualifizéiert. No engem 0-0 Gläichspill zu Örebro a Schweden Am Heemmatch huet den Avenir an der 30. Minutt den 1-0 geschoss, awer de Markus Krahen krut eng rout Kaart, Örebro huet ausgeglach an et huet geschéngt wéi wann alles eriwwer wier. Eréischt Deeg méi spéit huet en UEFA Geriicht confirméiert datt Örebro SK véier net-schwedesch Spiller agesat hat an hiren 1-1 "Succès" ass an en 3-0 Forfait-Succès fir Beggen gedréit ginn an den Avenir ass domat eng Ronn weiderkomm. An der nächster Ronn huet den Avenir Beggen géint den RC Lens aus Frankräich gespillt. Beggen ass zweemol ferrem ënner d'Rieder komm (0-6 auswäerts, 0-7 doheem).

Déi nächst Jore bis d'Saison 1999/2000 waren all zimlech enttäuschend. Just 1998 si se nach eng Kéier an d'Coupe-Finale komm, an hunn do 0-2 géint den CS Gréiwemaacher verluer. 2000 hu s et fäerdeg bruecht fir sech an den nei agefouerten Titel-Play-Offen ze qualifizéieren, mä do hu se véier vu sechs Matcher verluer, wat och weiderhin bedeit huet datt Beggen net international konnt spillen.

[änneren] 2000 bis haut

An alle Saisone bis 2005 inklusiv huet sech d'Equipe net fir den Titel-Play-Off konnte qualifizéieren, meeschtens hu se esouguer bis déi lescht Spilldeeg géint den Ofstig gekämpft. Deen eenzegen Highlight war de Gewënn vun der Coupe de Luxembourg 2002, wou Beggen an d'Finale géint Diddeleng komm ass. Entgéint allen Erwaardungen huet Beggen d'Resultat bis an d'Nospillzäit gehalen. De leschte Corner, de leschte Schoss an deen ass laanscht den Diddelenger Keeper gaangen a Beggen haten hir siwent Coupe an der Veräinsgeschicht sécher a fir eng Saison sollt Beggen en internationalen Comeback hunn - a wéi! Si haten d'Gléck Ispwich Town aus England zougeloust ze kréien! Dëst sollt déi éischt Kéier ginn, datt Beggen enger britescher Equipe an enger europäescher Competitioun géintiwwer sollt stoen. Wéi erwaart ass Beggen erausgeflunn (0-1 doheem, 1-8 auswäerts), mä déi finanziell Recetten goufe séier verbraucht. De Comité huet et net fäerdeg bruecht fir dem Club seng finanziell Problemer ze léisen. Mëttlerweil huet sech d'Situatioun liicht verbessert, de Club an säin Ëmfeld kënnen sech erëm op de Sport konzentréieren. (Source: Wichtel Web)

[änneren] Um Spaweck

Commons: Avenir Beggen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Foussball Veräiner an der BGL LIGUE (Nationaldivisoun) 2011/12  BGL Ligue
F91 Diddeleng | US Hueschtert | FC Déifferdeng 03 | Racing FC Union Lëtzebuerg | Swift Hesper | CS Gréiwemaacher | Progrès Nidderkuer | UN Käerjeng 97 | Jeunesse Esch | CS Péiteng |CS Fola Esch | US Rëmeleng | RM Hamm Benfica | Union 05 Keel-Téiteng
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen