Geschicht vun der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Dësen Artikel befaasst sech mat der Geschicht vun der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg.

D'Ufäng[änneren | Quelltext änneren]

D'Ufäng dovu ginn an d'19. Joerhonnert zeréck, wéi Lëtzebuerg op eemol als eegene Staat do stoung (kuckt: Geschicht vu Lëtzebuerg), an déi zoustänneg Instanzen hu misse geschaf ginn. Gläichzäiteg waren d'Iddien aus der Romantik populär, datt zu engem "richtege" Staat och eng "eege" Sprooch gehéiere géif. Domat gouf fir d'éischt iwwerhaapt dat, wat bis dohin zu Lëtzebuerg just geschwat, awer ni geschriwwe gouf, nämlech d'Lëtzebuergescht, als Géigestand vun der Fuerschung, mä och als Medium fir d'Literatur, entdeckt (kuckt den Artikel Literatur zu Lëtzebuerg).

Déi éischt Publikatioun, déi sech mam Lëtzebuergeschen ausenaner gesat huet, war dem Mathias Hardt säi Vocalismus der Sauermundart vun 1843. Knapps 5 Joer duerno koum deen éischte Versuch vun engem Dictionnaire iwwer d'Lëtzebuergescht eraus, dem Jean-François Gangler säi Lexicon der Luxemburger Umgangssprache, wie sie in und um Luxemburg gesprochen wurde (1847). An déi selwecht Period fält och dem Peter Klein seng Die Sprache der Luxemburger, e flamboyante Plädoyer fir d'Däitsch (zu deem en d'Lëtzebuergesch zielt), a géint d'Franséisch.

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert gouf d'Sproochfuerschung verdéift, an och Gebidder wéi d'Studéiere vu Gebräicher a vun den Uertschafts- a Flouernimm mat erbäigeholl. Den Edmond de la Fontaine z. B., bekannt fir seng Operetten, huet och Spréchwierder, Kannerreimer, Seechen a Legende gesammelt an dës publizéiert, an och iwwer d'Bräich zu Lëtzebuerg e Buch geschriwwen. Och den Nicolas Gredt huet 1883 e Sagenschatz des Luxemburger Landes erausginn, a vum François Follmann a Martin Schweisthal koume Fuerschungen iwwer Luxemburger Mundarten eraus.

Parallel dozou koumen déi éischt Fachzäitschrëften eraus: an den 1870er Joren d'Publications de la section historique de l'institut Grand-ducal, an den 1880er d'Vaterland, an an den 1890er Ons Hémecht. Das Luxemburger Land, "Organ für vaterländische Geschichte, Kunst und Literatur", koum tëscht 1882 an 1886 eraus.

Dem René Engelmann seng Fuerschungen iwwer de Vokalismus der Viandener Mundart (1910) kënnen als éischt wëssenschaftlech Etüd vum Lëtzebuergesche ugesi ginn. Eng éischt Grammaire ass dem Alfred Bertrang seng Grammatik der Areler Mundart vun 1921.

Ëm d'Joerhonnertwenn sinn och Sproochgesellschaften entstanen, wéi deen 1894 gegrënnte Verein für Luxemburger Geschichte, Litteratur und Kunst, deen déi ernimmten Hémecht erausginn huet. Dëse Veräin huet an de Joren duerno e Subsid vum Staat kritt dans l'intrêt de la conservation et de l'étude de l'idiôme luxembourgeois; d'Resultat war d'Wörterbuch der luxemburgischen Mundart vun 1906. Schonn deemools war eng vun den Haaptmotivatiounen, d'Lëtzebuerger "Sproochschätz" ze sammelen, well d'"Rengheet" an d'Ursprénglechkeet" duerch Léinwierder aus dem Franséischen an Däitschen a Gefor bruecht gi wier (Virwuert). Dësen Topos zitt sech wéi e roude Fuedem duerch eng Hellewull vu Publikatioune vum 20. Joerhonnert.

D'Linguistesch Sektioun vum Institut grand-ducal[änneren | Quelltext änneren]

De 25. Oktober 1924 gouf d'Luxemburger Sprachgesellschaft gegrënnt, där hir Memberen eng ganz Rëtsch Publikatiounen zu ethnologeschen an onomasteschen Theeme gemaach hunn. Virun allem hu se um Lëtzebuerger Dictionnaire matgeschafft, deem seng Viraarbechten Enn vun den 1930er Joren ofgeschloss waren, deen, wéinst dem Krich awer eréischt vun 1950 un erauskoum. D'Sproochgesellschaft ass duerch e Beschloss vun der Regierung zur Section de linguistique, de folklore et de toponymie vum Institut grand-ducal ëmbenannt ginn.

Déi meescht vun hinne waren och Member vun der Dictionnaires-Kommissioun, déi, wéi se sech 1948 reconstituéiert huet, zesummegesat huet aus dem Joseph Tockert (President), Robert Bruch (Sekretär), Joseph Hess, Ernest Ludovicy, Joseph Meyers, Hélène Palgen an Isi Comes.

De Robert Bruch soll besonnesch ervirgehuewe ginn, well en eng ganz Theorie iwwer d'Entstoe vum Lëtzebuergeschen opgestallt huet (déi um sougenannte "westfränkesche Krees" baséiert), déi en a senger Dokterthees Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen verëffentlecht huet. Hien huet och ë. a. un engem Lëtzebuerger Sproochatlas geschafft an eng Grammaire vum Lëtzebuergesche geschriwwen.

Vun der Dialektologie zu der Soziolinguistik[änneren | Quelltext änneren]

Bis un d'Enn vun den 1960er Joren huet d'sproochwëssenschaftlech Fuerschung zu Lëtzebuerg bal nëmme am Kader vun der Dialektologie geschafft, d. h. d'Lëtzebuergescht ass a senge Partikularitéiten an Ënnerscheeder zu aneren Dialekter am däitschen (oder "germanesche") Sproochraum definéiert a beschriwwe ginn. Ënner dem Afloss vun der linguistescher Fuerschung vu soss doruechter ass awer no an no d'Sprooch als Kommunikatiounsmëttel an de Mëttelpunkt vum Intressi geroden: Et gouf analyséiert, wie wou wat mat wiem geschwat huet, wat zu Lëtzebuerg natierlech bedeit, datt d'Méisproochegkeet genee ënnersicht gouf, anerersäits och d'sozial Aspekter vun der sproochlecher Kommunikatioun. Als Standardwierk fir de Fuerschungsstand zu där Zäit kéint een dem Fernand Hoffmann säi Buch Sprachen in Luxemburg (1979) bezeechnen.

Akadeemesch Fuerschungen[änneren | Quelltext änneren]

An den 1980er Joren, zum Deel als Folleg vum Sproochegesetz vun 1984, konnt ee feststellen, datt auslännesch Universitéiten ugefaangen hunn, sech fir d'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg z'intresséieren. Sou gëtt et aus där Zäit verschidde Licence-, Maîtrise-/Magister- an Dokteraarbechten dozou. Sproochwëssenschaftler wéi de Johannes Kramer zu Tréier oder Gerald Newton zu Sheffield hunn Aarbechte publizéiert oder, wéi den Otmar Werner zu Freiburg im Breisgau, Seminairen iwwer d'Lëtzebuergesch ugebueden. Ze ernimme sief op dëser Plaz och dem François Schanen seng Habilitatiounsschrëft iwwer d'Syntax vum Dialekt vu Schengen (Recherches sur la syntaxe du luxembourgeois de Schengen: l'énoncé verbal, Sorbonne, Paris, 1980) vu bal 1.200 Säiten.

Traditioun vs. Modern[änneren | Quelltext änneren]

An den 1990er Jore koum et fir d'éischt zu Lëtzebuerg zu enger - fir lëtzebuergesch Verhältnesser scho bal vehementer - wëssenschaftlecher Ausernanersetzung: De Soziolog Fernand Fehlen, deen de Fuerschungsprojet Baleine (eng groussugeluechten empiresch Analys vum Sproochgebrauch a Sproochkompetenz zu Lëtzebuerg) geleet huet, huet der "traditioneller" Sproochfuerschung virgeworf, d'sproochlech Realitéit zu Lëtzebuerg net vollstänneg z'erfaassen an d'Roll vum Franséischen als lingua franca net unzëerkennen. De Joseph Reisdoerfer, de Jean-Paul Hoffmann an de Guy Berg, déi an de Jore virdru Fuerschungsaarbechte publizéiert haten, hu probéiert, dës Kritik als net méi zäitgeméiss ze widderleeën. 1997 koum et och zum Eclat ëm de Lëtzebuerger Dictionnaire deen no Protester ë. a. wéinst der onkritescher Opzielung vun antisemittesche Spréchelcher beim Lemma Judd, iwwer 20 Joer, nodeem e publizéiert gouf, aus dem Verkaf geholl gouf. Ee Joer drop gouf de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise gegrënnt, an ë. a. domat chargéiert, en neien Dictionnaire iwwer d'Lëtzebuergescht auszeschaffen.

D'Sproochfuerschung an den 2000er Joren[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Enn den 1990er huet déi Lëtzebuerger Sproochwëssenschaft, ë. a. den Nico Weber, d'Computerlinguistik entdeckt. No engem éischten Ulaf tëscht 2000-2002 (Jérôme Lulling, Pierre Mousel) gëtt et zanter 2006 e Spellchecker deen ënner enger fräier Lizenz steet an dorop ausgeluecht ass, mat de gängegen Open-Source-Programmer ze funktionéieren (OpenOffice, Mozilla Thunderbird, asw.). Dësen Utilitär ënner dem Numm www.spellchecker.lu gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt[1].

Uganks den 2000er sinn och déi éischt online Dictionnairë fir d'Lëtzebuergescht erauskomm: 6000 Wierder op Lëtzebuergesch vun der Jacqui Zimmer, Luxdico.com vu Lulling & Schanen (- 2003), Dico.lu an duerno dunn den Lëtzebuerger Online Dictionnaire.


Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Institut de linguistique et de littératures luxembourgeoises.

Bibliographesches zur Sproochfuerschung[änneren | Quelltext änneren]

  • Gerald Newton: Luxemburg/Rheinland. Eine Bibliographie zur Sprach- und Mundartforschung in chronologischer Anordnung (=Bulletin linguistique et ethnologique 25), Lëtzebuerg 1993.
(Eng (bal) komplett Bibliographie zu allem, wat vu 1799 bis 1990 iwwer dat Theema publizéiert gouf.)
(Kënnt zanter 1989 all Joer eraus; dat 1. Kapitel deckt d'Publikatiounen zu der Linguistik of.) ISSN 1016-328x.[2]
(Vun der Uni Lëtzebuerg, online zanter 2013.)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tëscht 2000 an 2002 gouf en éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht ënner dem Numm Cortina entwéckelt. Dee Projet gouf deemools allgemeng begréisst, awer och vereenzelt kritiséiert, well keng dialektal Varianten am Thesaurus virkomm sinn. De Projet Cortina gouf am selwechte Joer 2002 agestallt, wéi e virgestallt gouf.
  2. Zanter 2001 och online op cnl.public.lu

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]