Conseil permanent de la langue luxembourgeoise

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (gekierzt CPLL) ass en Observatoire vun der lëtzebuergescher Sprooch mat Sëtz am Nationale Literaturzentrum zu Miersch. Hie soll eis Sprooch studéieren, beschreiwen an zu hirer Verbreedung bäidroen. De Conseil koordinéiert déi vun der Regierung etabléiert Aarbechtsgruppen, déi sech ëm d'Ausschaffe vun neie Lëtzebuerger Dictionnairen befaassen.

Inhaltsverzeechnes

Gesetzlech Basis [änneren]

Dat ministeriellt Reglement vun 1998 [änneren]

Duerch ministeriellt Reglement gëtt 1998 de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise gegrënnt[1]. D'Membere vum Conseil gi fir e Mandat vu fënnef Joer vum Kulturminister genannt. Hiert Mandat ass erneierbar. D'Kommissioun besteet aus maximal 11 Memberen.

D'groussherzoglecht Reglement vun 1999 [änneren]

Dat ministeriellt Reglement vun 1998 gouf duerch dat groussherzoglecht Reglement vun 1999 ofgeschaf[2].

D'Gesetz vun 2004 [änneren]

Am Kader vum Gesetz iwwer eng nei Organisatioun vun de Kulturinstitutiouen vum Staat[3] gëtt beim Nationalen Literaturzentrum de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CCPL) gegrënnt. Den CPLL krut als Optrag d'Lëtzebuerger Sprooch ze stodéieren, ze beschreiwen an se ze verbreeden. Den CPLL ass och zoustänneg fir d'Koordinatioun vun den Aarbechten déi mam Ausschaffe vun de lëtzebuergeschen Dictionnairen ze dinn hunn. D'Kommissioun besteet aus maximal 11 Memberen, déi berufflech mat der lëtzebuerger Sprooch ze dinn hunn, an duerch en "Arrêté grand-ducal" fir e Mandat vun dräi Joer genannt ginn. Hiert Mandat ass erneierbar.

D'groussherzoglecht Reglement vun 2007 [änneren]

En neit groussherzoglecht Reglement vum 5. Februar 2007 [4] bestëmmt d'Organisatioun vum CPLL an huet d'groussherzoglecht Reglement vum 29. Juli 1999 ofgeschaf.

D'Kommissiounen [änneren]

D'Kommissioun vun 1998 [änneren]

Lëscht vun de Memberen déi 1998 genannt goufen:

D'Kommissioun vun 2003 [änneren]

Lëscht vun de Memberen déi 2003 genannt goufen:

D'Kommissioun 2007 [änneren]

President ass de Georges Wirtgen. Lëscht vun de Memberen déi 2007 genannt goufen[7]:

  • Marc Barthelemy
  • Valeria Berrini
  • Denise Besch
  • Josy Braun
  • Germaine Goetzinger
  • Lucien Kerger
  • Michel Schmitt
  • Georges Wirtgen

Aarbechtsgruppen [änneren]

De CPLL huet 2 Aarbechtsgruppe geschafen, déi sech mat spezifesche Problemer ofginn[8]

Orthographie [änneren]

Am September 2008 huet en neien Orthographiesgrupp ugefaangen, en aktualiséierten Texte coordonné vun de lëtzebuergeschen Orthographiesregelen zesummenzesetzen, deen duerno aktualiséiert gehalen an duerch groussherzoglech Reglementer formaliséiert gëtt. De Grupp schafft och eng phonetesch Transkriptioun vun der lëtzebuergescher Sprooch aus. Ausserdeem probéiert en, Léisungen zu Orthographiesproblemer ze fannen, deenen den Dictionnairesgrupp am Laf vu senger Aarbecht begéint.

Grammaire [änneren]

2009 soll e Grammairesgrupp eng ähnlech Aarbecht am Beräich vun der Lëtzebuerger Grammaire duerchféieren.

Referenzen [änneren]

  1. Cf. Règlement ministériel du 5 janvier 1998 portant création du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Mémorial A n° 9: 144, 17.02.1998
  2. Cf. Règlement grand-ducal du 29 juillet 1999 portant création du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Mémorial A n° 107: 2016, 06.08.1999.
  3. Cf. d'Grënnung vum CPLL am Artikel 24 vum folgende Gesetz: Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l’Etat Mémorial A - N° 120: 1798-1810, 15. Juli 2004
  4. Cf. Règlement grand-ducal du 5 février 2007 déterminant l'organisation du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Mémorial A n° 19: 502-503, 26.02.2007
  5. De Joseph Reisdoerfer, fréiere Member vun der Dictionnaires-Kommissioun vum CPLL, huet no senger Collaboratioun mat dem CPLL ugefaangen, den Dictionnaire étymologique des éléments français du Luxembourgeois, deen aus zéng Fascicule bestoe soll, ze publizéieren, an dat zesumme mat dem Geneviève Bender-Berland an dem Johannes Kramer vun der Universitéit Tréier.
  6. De lëtzebuergesche Linguist Nico Weber war vun 1998-2003 Member vum CPLL, säi Mandat gouf awer net erneiert. 1999 hat hien de Jérôme Lulling gefrot, fir déi geplangte Reform vun der lëtzebuerger Schreifweis ze kommentéieren. E puer vu sengen Iddie goufen dann och mat an de finale Règlement grand-ducal vun 1999 opgeholl. Am Joer 2000 huet dunn den CPLL zesumme mam Centre de Recherche Public - Gabriel Lippmann d'Entwécklung vun deem éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht an d'Weeër geleet (Projet CORTINA).
  7. Cf. Arrêté grand-ducal du 5 février 2007 portant nomination des membres du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Mémorial B N° 12: 107-108, 26 Februar 2007
  8. Cf. d'Pressëkonferenz vun der Staatssekretärin fir Kultur, Héichschoul a Fuerschung Octavie Modert vum 7. Oktober 2008 iwwert d'Ustrengunge vum Ministère zegonschte vun der Lëtzebuerger Sprooch a Literatur Pressëkommuniqué

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]