Guy Berg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Guy Berg, gebuer den 3. Juni 1961 zu Beetebuerg, ass e lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler.

De Guy Berg huet op der Johannes-Gutenberg-Universitéit Mainz zu Germersheim/Rhein applizéiert Sproochwëssenschaft (Iwwersetzen) studéiert (hie krut 1987 den Hugo-Moser-Förderpreis) an iwwer d'Entwécklung vum Lëtzebuergesche promovéiert. Hie schafft als Iwwersetzer beim Europäesche Parlament.

1998 huet hien de Fuerschungsprojet Language and Culture in Medieval Luxembourg (LaCuMeL) an d'Liewe geruff. Säin Haaptfuerschungsthema ass d'Yolanda vu Veianen; 1999 huet hien an der Bibliothéik vum Grof vun Aansebuerg d'Manuskript vum Codex Mariendalensis erëmfonnt, dat als verluer gegollt huet, mä glécklecherweis just vertässelt gi war.

Hien ass Member vun der Sektioun fir Linguistik, Ethnologie an Onomastik vum Institut grand-ducal an huet och Fuerschungsaarbechten ë.a. zum Nicolas Gredt, Pierre-Alexandre-Cyprien Merjai an Alexander Wiltheim erausginn.

[änneren] Aarbechten (Auswiel)

  • 'Mir wëlle bleiwe wat mir sin': Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachgkeit. Tübingen, Niemeyer 1993.
  • "Der Codex Mariendalensis. Zur Wiederauffindung, Erschließung und Edition einer hochmittelalterlichen Handschrift aus dem Raume Luxemburg". In: Bulletin linguistique et ethnologique 30 (2000), S. 7-26.
  • Editeur vum Nicolas Gredt sengem Sagenschatz des Luxemburger Landes (2005).
  • Guy Berg an Gerald Newton (Erausg.): Alexander Wiltheim. "Vitae Venerabilis Yolandae", 2007, Institut Grand-Ducal, 839 Säiten. Mat Umierkungen, Bibliographie, e puer Faksimile-Säite vum Original, en Index mat laténgeschen Uertschaftsnimm mat Iwwersetzung. D'Editioun bréngt den Text am Original, op Däitsch "originalgetrei" iwwersat vum Guy Berg an eng englesch Iwwersetzung, "closely translated" vum Gerald Newton.

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht