Félix Molitor
De Félix Molitor, gebuer de 26. Mee 1958 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Lyriker.
Inhaltsverzeechnes |
Liewen [änneren]
No sengem Studium vu Lettres modernes zu Stroossbuerg gouf hien 1996 Franséisch-Professer. Vun 1997 bis 2006 war hie Responsable fir den Departement Littérature et théâtre am Kulturministär. Zënter September 2006 ass hien nees Franséisch-Professer a schafft um Institut grand-ducal fir de lëtzebuergeschen Dictionnaire.
Zënter 1976 publizéiert de Félix Molitor regelméisseg Gedichter zu Lëtzebuerg an am Ausland. Zesumme mam Raymond Schaack huet hien 1996 eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vun de Psalmen verëffentlecht.
De Félix Molitor ass zënter 2002 Member vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres.
1998 krut de Félix Molitor de Prix Tony Bourg.
Wierk (Auswiel) [änneren]
- Abîmes en Demeure, 1996
- D'Psalmen op Lëtzebuergesch, Félix Molitor a Raymond Schaack, Eis Sprooch, Extra-Serie, Nr. 18, 1995/1996
- Nach draussen, Éd. Tetras Lyre, 1997
- Les deux ailes du chant, 1998, Editions PHI, Prix Tony-Bourg 1998
- Mémoire de cristal, Editions PHI, 1999
- Bris de partance, Ed. Schortgen, 2000
- Sur le coup de minuit, bibliophil Editioun (François Schortgen), 2001
- Ce siècle qui avait deux ans, Ed. Amis de la Maison de Victor Hugo, Vianden 2002
- Pourquoi ça sourit quand ça meurt, bibliophil Editioun (Jean Delvaux), Redfoxpress 2003
- Leyla ou le poème au-delà, Ed. En Forêt/Im Wald (trilingue) 2005
- Confidences d'un rocher (mam Moritz Ney), Ed. MédiArt 2006
Literatur [änneren]
- Sahl, Nicole, 2007. Molitor, Félix. S. 424-425 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
Referenzen [änneren]
- ↑ Cf. Sahl 2007 an der Literatur.