Spellchecker
Am Computerberäich ass e Spellchecker eng Komponent oder e Software-Programm, dee geschriwwe ginn ass fir d'Korrektheet vun eenzelne Wierder an engem Dokument z'iwwerpréiwen. Normalerweis bitt e Spellchecker zousätzlech eng Méiglechkeet un, fir Korrekturvirschléi unzeweisen.
Inhaltsverzeechnes |
Lëtzebuergesch Spellcheckeren [änneren]
De Projet Cortina [änneren]
Den éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht gouf vum Linguist Jérôme Lulling an dem Informatiker Pierre Mousel tëscht de Joren 2000 an 2002 ausgeschafft. A senger Dokterthes iwwer déi lexikalesch Kreativitéit am Lëtzebuergeschen huet de Jérôme Lulling 2002 beschriwwen, wéi hien eng Wierderlëscht vun 125.000 Wuertforme fir dësen éischte Prototyp vun engem Spellchecker entwéckelt huet a wéi een d'Concatenatioun, also d'Buschtawereiefolleg, semiautomatesch ka simuléieren, eng Method déi souwuel beim Projet Cortina wéi och beim Projet Luxdico erfollegräich agesat gouf [1]. Den Utilitär Cortina (Correcteur orthographique informatique appliqué à la langue luxembourgeoise) kann och d'Eifeler Regel erkennen a verbesseren. De Projet Cortina gouf 2002 agestallt.
De Projet Spellchecker.lu [änneren]
De Projet Spellchecker.lu ass am Abrëll 2006 vun dräi jonke Leit[2], déi zu Kaiserslautern studéiert hunn, an d'Liewe geruff ginn. Et waren dat den Tom Goedert de Luc Heischbourg an de Michel Weimerskirch. Säit dem Relaunch (Ufank 2008) gëtt de Projet just nach vum Michel Weimerskirch weiderentwéckelt.
Dësen Utilitär steet ënnert der Europäescher Lizenz fir fräi Software EUPL an ass dorop ausgeluecht, mat de gängege fräie Softwaren ze fonctionnéieren (OpenOffice, Mozilla Thunderbird, asw.) a gëtt regelméisseg weiderentwéckelt.
Beispill fir d'Limitatioun vun engem Spellchecker [änneren]
E Spellchecker, am übleche Sënn vum Wuert, iwwerpréift just eenzel Wierder, ouni op de Kontext an engem Saz opzepassen. Esou kann et och virkommen datt folgend Sätz fir e Programm richteg sinn, obwuel se kee Sënn hunn:
"Dënn Thierry ass den." an "Maach eng Fënster ob."
Gemengt waren natierlech
"Den Thierry ass dënn." an "Maach eng Fënster op."
Kontextsensitiv Spellcheckeren [änneren]
E kontextsensitive Spellchecker kuckt bei der Korrektur och nach d'Semantik vun engem Saz. Doduerch kann de Programm an engem begrenzten Ëmfang de Sënn vun engem Saz erkennen, an deemno och Wierder als falsch markéieren, déi zwar richteg sinn, mä am falsche Kontext gebraucht goufen.
Um Spaweck [änneren]
Generelles [änneren]
- Regularität und Variabilität der n-Tilgung im Lëtzebuergeschen: Johannes Kiehl / Projet Cortina (2002)
- Wenn der Computer Béchamelszooss kennt: Romain Hilgert (LAND 07/2001)
- RTL TV Webnews Reportage iwwer de Projet Cortina (04/2001)
Spellchecker.lu [änneren]
- Spellchecker.lu: Quelltextoffene Spellchecker fir déi lëtzebuergesch Sprooch
Cortina [änneren]
- Informatisatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch: Lulling Jérôme LAND 12/2005
- Projet CORTINA: Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht - Lulling Jérôme Actes du Cycles de conférences Lëtzebuergesch Quo Vadis 2004 (61-78)]
- Ausarbeitung einer luxemburgischen Wörterliste für einen Spellchecker: Projekt CORTINA: Lulling Jérôme in Eurogermanistik Band 20 (2003)
Referenzen [änneren]
- ↑ Dës Method erënnert un d'Aarbechte vum russesche Mathematiker Andrei Andrejewitsch Markow (Hidden Markov Model), déi zum Beispill och vum Larry Page bei der Entwécklung vun der Internet-Sichmaschinn Google benotzt gouf
- ↑ Websäit "Iwwert de Projet" op Spellchecker.lu