Google

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Computer n screen.svg Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Logo vu Google

Google ass eng Internet-Sichmaschinn vun der Firma Google Inc., déi hire Sëtz zu Mountain View an den USA huet. Google gouf vum Larry Page a vum Sergey Brin entwéckelt.

Ugefaangen huet alles mat Recherche fir hir Dokteraarbechten am Januar 1996 op der Universitéit Stanford, wou de Segei Brin an de Larry Page sech kenne geléiert haten.

Google huet fir d'éischt "BackRub" geheescht, well hire System ëmmer d'Backlinke gepréift huet, fir d'Relevanz vun enger Internetsäit erauszefannen.

Den Domain google.com gouf de 15. September 1997 registréiert, virdrun ass Google ënner dem Domain vun der Universitéit Stanford gelaf 'google.stanford.edu'.

Haut huet Google Inc. iwwer 6500 Mataarbechter an de Page an de Brin sinn nom Boursegank vun hirer Firma am Joer 2004 zwéi vun de räichste Mënschen op der Welt.

Interessanterweis hunn och d'Entwéckler vun der Internet-Sichmaschinn Yahoo den David Filo a Jerry Yang op der Universitéit Stanford studéiert.

Bei besonneschen Evenementer, wéi z.B. der Olympiad, oder Feierdeeg a Gebuertsdeeg vu bekannte Perséinlechkeeten, changéiert Google zënter dem Joer 2000 säi Logo. Dës themebaséiert Logoe ginn och nach "Google Doodle" genannt (op Lëtz.: Gekrozels).

[änneren] Um Spaweck

Commons: Google – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen