Wikipedia:Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch?
|
Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch ? |
Geleeëntlech sicht deen Een oder deen Aneren no engem lëtzebuergesche Wuert. Dës Säit soll de Wikipedianer dozou déngen, no Begrëffer ze froen an dobäi vun Anere gehollef ze kréien.
Eeler Ufroë stinn an de respektiven Archiver. Kuckt dofir als éischt do no, op d'Fro net scho gestallt ginn ass.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Aus dem Däitschen
[änneren] Gaube
Eng ausgebaute Fënster am Daach. Kuckt an der de-Wiki de Lemma "Dachgaube" ; an dësem Fall ass et eng "Giebelgaube". Merci am viraus. --Cornischong 20:24, 16. Jan. 2008 (UTC)
- Mansardsfënster? --Z.
[änneren] Köhler
De fréiere Beruff "Köhler", deen Holzkuele gemaach huet a sengem "Meiler", an deen nach haut am Spaghettisrayon ze fannen ass "Spaghetti alla carbonara". Et ass mer, wéi wann ech mol "Kieler" begéint hätt. --Cornischong 21:55, 10. Mäe 2008 (UTC)
-
- A méngem Daggislëtzebuergesch ass de Köhler e Kuelebrenner an dovunner ofgeleet de Fuuss deen en donkle Pelz huet, dien dann och Kuelebrenner genannt gëtt.
- E Kieler ass dat Stéck Geschirr dat d'Päerd ëm den Hals geluecht kritt, op däitsch Kummet an och Kumt genannt, op franséisch Collier. Les Meloures 22:51, 10. Mäe 2008 (UTC)
[änneren] Leibeigener
(am historesch-feudalistesche Sënn): Leifeegenen? Läifeegenen? --Zinneke 11:28, 12. Mäe. 2009 (UTC)
-
- Ee Gléck, datt mer déi lëtzebuergesch Wikipedia hunn. Déi hunn esouguer en eegenen Artikel ( http://lb.wikipedia.org/wiki/Leifeegeschaft ) doriwwer. --Cornischong 11:43, 12. Mäe. 2009 (UTC)
- Ee Gléck ;-), Merci! --Zinneke 13:08, 12. Mäe. 2009 (UTC)
- Ee Gléck, datt mer déi lëtzebuergesch Wikipedia hunn. Déi hunn esouguer en eegenen Artikel ( http://lb.wikipedia.org/wiki/Leifeegeschaft ) doriwwer. --Cornischong 11:43, 12. Mäe. 2009 (UTC)
[änneren] Grenziwwerschreitend Wanderweeër
Schreiten heescht op lëtzebuergesch "goen" oder "schrécken", überschreiten heescht (am DLW) "iwwerschreiden". Ausserdeem gëtt, bis op e puer Ausnahmen, den Adverb net virun de Substantiv gesat. Am DLW, S.144, gëtt grenzüberschreitend mat "iwwer d'Grenzen ewech" iwwersat. Fir dem Gedeessems aus de Féiss ze goe proposéieren ech de Lemma "International Wanderweeër". -- Pecalux 06:35, 9. Feb. 2010 (UTC)
- Salut Pecalux, merci fir dëse Verbesserungsvirschlag, ech denken Grenziwwerschreidend Wanderweeër ass dee richtege Begrëff. International gëtt a kenger Sprooch an dem Kontext benotzt. Dofir proposéieren ech dëse Lemma mat dem Adjektiv virdrun ze loossen, grad esou wéi bei Thematesch Wanderweeër. Och wann dës Diskussioun eriwwer ass maachen ech d'Ännerungen. :-) --Christian Ries 07:10, 9. Feb. 2010 (UTC)
-
- Ech hunn d'Säöit elo op Grenziwwerschreidend Wanderweeër geréckelt. --Christian Ries 10:04, 9. Feb. 2010 (UTC)
[änneren] Färewanderweeër
(aus dem däitschen: Fernwanderwege)
Et gi Lëtzebuerger déi fueren am Dag mam Fernlaster a kucken owes de Fernseh, deen se mat der Fernsteierung hin- an hirschalten. (Alles Ausdréck, déi am DLW stinn.) Vläicht trëppelen se an der Vakanz e Fernwanderwee, oder vläicht esou guer e Wäitwanderwee? -- Pecalux 06:52, 9. Feb. 2010 (UTC)
- Mojen Pecalux, ech wollt u sech d'Wuert korrekt op Lëtzebuergesch schreiwen, do heescht "fern" op lb. "fären". Mä ech hunn näischt dogéint fir se Fernwanderweeër oder Wäitwanderweeër ze nennen. Wann dës Diskussioun eriwwer ass maachen ech d'Ännerungen. :-) --Christian Ries 07:03, 9. Feb. 2010 (UTC)
- Moien, Ech hunn den Ausdrock Färewanderweeër och gelies an iergendwéi deet et mer ëmmer erëm wéi an den Oueren. Et kléngt mer no faire Wanderweeër (ewéi fairen Handel) an dat mécht jo kee Sënn. Wäitwanderweeër versteet jiddereen direkt. Dat schéngt mir de beschten Ausdrock. --Sultan Edijingo 11:47, 9. Feb. 2010 (UTC)
- Et misst dach Leit (Tourismusministère, Syndicat-du-tourismen, etc.) ginn, déi professionell domatter ze dinn hunn. De Lemma misst sech mMn dono riichten, wéi "déi" dat nennen, och wann eege Kreatiounen "besser kléngen". Huet een en Telefon bei Hand? Ech sinn do e bësse wäit vum Schoss... --Zinneke 16:25, 9. Feb. 2010 (UTC)
-
- Mojen Zinneke, ech hunn d'lescht Woch mat deem Beamte geschwat, deen iwwer 10 Joer laang am Tourissemministär fir d'Wanderweeër zoustänneg war: si hunn ëmmer GR gesot bzw. GRen, wann si vun deene Weeër geschwat hunn. Wäitwanderwee kennt fir hien net a Fro. Firwat beschränke mir d'Kreatioun vu Neologismen op eis Schrëftsteller? Ech sinn nach ëmmer fir Färewanderweeër, well et genee dat ausdréckt, wat gemengt ass. Jidderee misst dat ouni Problem verstoen? --Christian Ries 10:29, 18. Feb. 2010 (UTC)
Moien,
An der däitscher Sprooch gëtt dacks d'Wuert "Weitwanderweg" benotzt, duerfir schéngt mir de "Wäitwanderwee" net total aus der Loft gegraff. D'GRen schéngt mir éischter en Ausdrock fir Insider ze sinn. Dat geet iergend wéi an d'Richtung vum Ausdrock "RMGiste".--Fliedermaus 10:53, 18. Feb. 2010 (UTC)
Ok, merci, dann änneren ech Färewanderweeër op Wäitwanderweeër. --Christian Ries 11:07, 18. Feb. 2010 (UTC)
- Moien,
- Firwat et einfach maache, wann et et och komplizéiert geet.
- Wéi ech GR-Färewanderweeër hei gelies hunn, hat ech den Androck wéi wann dat e Wanderwee wier bei deem een eng Fär misst benotzen.
- De GR oder d'GRen, déi wann ech mech net ieren op der topopgraphescher Kaart vum Kadadaster och esou genannt ginn, hunn an der fr:Wiki de Lemma Chemin de grande randonneé. Am Wuert Grande randonnée ass scho méi oder wéineger explizéiert, datt et sech net ëm eng kuerz Streck handelt. E GR ass ëmmer e Fernwanderweg, an dofir fannen ech den Zousaz Färewanderwee, dee mMn souwisou misst Färwanderwee heeschen, iwwerflësseg, well et quasi e Pleonassem ass. Dofir proposéieren ech dee méi einfache Lemma GR-Wanderweeër, oder einfach Wäitwanderweeër ouni GR.
- Les Meloures 11:20, 18. Feb. 2010 (UTC)
Mojen Les meloures, leider ass déi Saach nët esou einfach. Et gëtt europäesch Wäitwanderweeër, an et gëtt GR-Wäitwanderweeër, dat sinn 2 ënnerschiddlech Saachen. Ech proposéieren fir dës zwee Begrëffer ze benotzen. --Christian Ries 11:32, 18. Feb. 2010 (UTC)
-
- Beim GR géif ech dann awer de Wäit net am Lemma benotzen well et e Pleonassem produzéiert. GR dee fir Grande randonneé steet seet jo schonns datt et e wäite Wee ass. E Kuerzartikel Wäitwanderwee wier net schlecht fir se vun Ufank un auserneen ze halen. Et gëtt jo bestëmmt och nationaler an internationaler. Les Meloures 11:49, 18. Feb. 2010 (UTC)
[änneren] Planung
Mir hunn en Artikel Landschaftsplanung wou och am Text selwer den Ausdrock "Planung" dacks gebraucht gëtt. Gëtt et dofir keen aneren, lëtzebuergeschen, Ausdrock? --Pecalux 05:39, 7. Abr. 2010 (UTC)
- Salut,
- Mer läit dat Déngen och e bësselchen um Mo, mä anscheinend ass et do net sou einfach fir eppes aneschtes ze fannen. Den DFL iwwersetzt planification, mat Planifikatioun oder dem substantivéierte Verb Plangen. Et schéngt deemno net vill Auswäichméglechkeeten ze ginn, an a Lemmata gi mer schlecht mat Ëmschreiwungen eens.
- Eech hu mer och schonns Gedanken driwwer gemaach, a waterenger Rumm een déi Artikelen, Landschaftsplanung a Landschaftsecologie kann ënnerdaach kréien.
- Iwwer Resultat vum Plangen d.h. de Landschaftsplang, gi mer natierlech näischt gewuer. Zu Lëtzebuerg gëtt et Gesetzer, an Ausféieruengsbestëmmungen dofir. Doriwwer gi mer och leider näischt gewuer.
- Awer am Artikel Landschaft verhaspele mer ons op lëtzebuergesch Detailer déi schonns a separaten Artikelen deelweis opgegraff goufen, a mer komme mat der Landschaft net iwwer d'Grenzen eraus. Aner Länner hunn anscheinend keng Landschaften, wann ech mer deen Artikel esou ukucken. Bemierkungen dozou um Auteur senger Diskussiounssäit, an op der Artikeldiskussiounsäit, hu bis elo nach näischt bruecht.
- Wann net eng gutt Séil sech erbaarmt, wäert dat dann och alt erëm sou stoe bleiwen. D'Landschaftsecologie brauch och nach eng Botzaktioun.
- Wa mer mol Artikelen iwwer den Aménagement du territoire, de Plan d'aménagement général, a säi klenge Brudder de Plan d'aménagement partiel an all déi aner Plangen déi an deem Beräich gesetzlech verankert sinn, hunn, gesi mer vläicht méi kloer.
- Les Meloures 06:38, 7. Abr. 2010 (UTC)
[änneren] Maschinenring
Kann en dat net "Maschinnerank" oder "-rénk" deefen? Oder ginn et nach aner Alternativen? --Pecalux 06:41, 20. Abr. 2010 (UTC)
-
- Moien,
-
- Ech weess net wéi een et soss soll deefen. Dee Begrëff huet sech zënter en etlech Joer sou an der Lëtzebuerger Landwirtschaft breet gemaach. U sech sinn et landwirtschaftlech Syndicater, déi Déngschtleeschtunge mat Maschinnen ubidden, awer och nach aner Hëllefsleeschtungen. En allgemengen Artikel iwwer Landwirtschaftlech Syndikater wier vläicht méi nëtzlech. An dësem Artikel ass et leider d'selwecht wéi bei der Landschaft, déi anscheinend als Fachbegrëff behandelt gëtt, a bei deem mer awer net iwwer d'Grenzen erausgesinn.
- Les Meloures 07:13, 20. Abr. 2010 (UTC)
[änneren] Fernost
Wéi en Ausdrock kann een am Lëtzebuergeschen huele fir Fernost oder Ferner Osten? Ech hu gesinn, datt ech bis ewell ëmmer Fernost quasi "adoptéiert" hunn, mee ass dat richteg? --Otets ♣ 13:32, 31. Jul. 2010 (UTC)
- Den DFL iwwersetz e mat Fären Osten. Les Meloures 14:00, 31. Jul. 2010 (UTC)
[änneren] Leiterwagen
Ech hätt eng Tendenz gehat, fir dofir Tëmmer ze soen, bis datt ech am LWB nogekuckt hunn, deen engem Tëmmer anscheinend just zwee Rieder zougesteet. Wat mengt d'Gemeinschaft? --Otets ♣ 23:53, 20. Aug. 2010 (UTC)
Moien, Méi einfach wéi hei geet et awer bal net. Einfach dësen Artikel kucken. Den Tëmmer ass en Tombereau op franséisch, Kippkarre op däitsch, an de Leederwonn ass de chariot a ridelles. Les Meloures 09:26, 21. Aug. 2010 (UTC)
Merci! Da froen ech léiwer net no, wat en Huifbed ass. ;-) --Otets ♣ 14:54, 21. Aug. 2010 (UTC)
- Salut,
- En Huifbed ass e Bett dat aus enger Baatsch (fr: bâche nl: huif) besteet déi tëscht zwee Päerd hänkt an déi een e Kranke ka leeën, datt en esou ka spadséiere gefouert ginn. Fir den Ament misst eent souwäit wéi ech informéiert sinn, an Holland zu Valkenswarde an der Maach sinn. (et ass och scho vläicht fäerdeg). Méi geneeës ginn ech den 29. August um Kutschenturnéier zu Barvaux gewuer. Fotoe fir d'Wikipedia kann ech beim Konstrukteur kréien. Les Meloures 17:11, 21. Aug. 2010 (UTC)
[änneren] Aus dem Franséischen
Mojen, wéi seet e korrekt op lb fir thèse: Thes oder Thees. Déi zwee sinn heefeg a Gebrauch op der lb-Wiki. --Christian Ries 09:47, 18. Nov. 2010 (UTC)
- Moien, fir mech ass et éischter dat däitscht Wuert These dat sech agebiergert huet. Den DFL iwwersetzt mat Thes
-
- Op der lb:Wikipedia steet et 38:5 zugonschte vun Thes an an dräi Minutten ass et 43:0 Les Meloures 12:25, 18. Nov. 2010 (UTC)
-
-
- Ech tendéieren och zu "Thes", wa mer déi mat 2 "ee"ën och net esou ofweegeg schéngt. Mer kënnen hei net méi "richteg" sinn wéi d'Orthographieregelen, déi bekannterweis munnech Lacunen hunn, wann et ëm de Widdersproch tëscht de Prinzipien Ethymologie vs Phonetik geet. --Zinneke 13:40, 18. Nov. 2010 (UTC)
-
-
-
-
- Ok merci, dann ass et elo kloer: THES. --83.99.19.209 17:52, 18. Nov. 2010 (UTC). Net ageloggt, --Christian Ries 17:53, 18. Nov. 2010 (UTC)
-
-
Archiv fir franséisch Begrëffer
[änneren] Aus dem Engleschen
[änneren] Minor orders
Minor orders (dt. niedere Weihe) fir Priester ze ginn? Myriam 11:21, 29 Juni 2006 (UTC)
[änneren] Iwwerhaapt
[änneren] "Waasserspäizer"
- De "Waasserspäizer" u ville Kathedralen (am Franséischen "gargouille"). Merci. --Cornischong 16:12, 1 September 2006 (UTC)
- Déi eenzeg Kathedral, déi zu Lëtzebuerg ass, huet bekanntlech deer Denger keng. Ech perséinlech soe "Gargouille", op Englesch heescht dat jo och bal esou ("gargoyle"). "Waasserspäizer" versteet zwar sécher och jiddereen, dee Lëtzebuergesch versteet, mee d'Wikipedia ass jo leider net déi Plaz, fir Saachen z'erfannen, a wieren se nach esou giedelech. Ech roden deemno, déi Creatioun héchstens am Artikel aus stilistesche Grënn, an a Kursiv, ze benotzen. Wa mer 100.000 Artikele beieneen hunn, kënne mer jo e Site opmaache fir déi "stomm" Begrëffer am Lëtzebuergeschen, wou jiddereen nei Virschléi maache kann. ;-)--Zinneke 19:59, 1 September 2006 (UTC)
Ech giff och hei eng verlëtzebuergescht Iwwersetzung aus dem däitschen huelen (Wasserspeier). Wann ee Gargull seet da kéint ee mengen et giff ee vun de Gargullen an den Trottoiren schwätzen. Bei de Fransousen asset zwar esou déi hun dee selwechte Numm fir déi zwee. Waasserspäizer schengt mer richteg hei. Les Meloures 20:05, 1 September 2006 (UTC)
-
- Wann d'Wikipedia "leider net déi Plaz, fir Saachen z'erfannen" ass, da loossen ech den Artikel iwwer déi Basilika mat den 123 Dénge léiwer sinn. Dat wäert och de Grond sinn, firwat et der all Dag hei manner ginn. --Cornischong 00:32, 2 September 2006 (UTC)
-
-
- Dass d'Wikipedia net di Plaz ass fir igenwellech Dommheeten ze erfannen domaat kann ech d'accord sinn mee wann een dann op der Wikipedia Lëtzebuerg op Erklärungssäit liest et kéint een wann et keen typescht lëtzebuergescht Wuert gëtt, eng verlëtzebuergescht Iwwersetzung aus dem däitschen oder franséische gebrauchen da wir trotzdem hei Waasserspäizer dat richtegt. Wann daat engem nit passt da soll och déi aaner Erklärung aus der Wiki verschwannen. 81.243.165.241 07:16, 2 September 2006 (UTC)
-
- Dajee, Cornischong, net esou defaitistesch ;-) Dat mat "Erfannen" hunn ech op d'Lemma selwer bezunn, wou mer nun eemol virsichteg musse sinn. Bei enger Be- oder Ëmschreiwung kann a muss een awer roueg kreativ sinn. Deemno giff ch den Artikel "Gargouille" nennen an ufänken mat: Eng Gargouille (och alt Gargull) ass eng Zort Waasserspäizert, deen, virun allem bei Kathedralen, dozou déngt, d'Reewaasser vun de Grondmaueren ewechzeleeden. Gargouillën hunn oft speziell Formen,..." Natierlech dann e Redirect vu "Gargull" a menger wärreg och "Waasserspäizert".
- Ech sinn op däin Artikel gespaant ! --Zinneke 09:31, 2 September 2006 (UTC)
- Wéi ass d'Méizuel vu Vulkan? Vulkaner oder Vulkanen doer ? (D'Fro stellt sech wéinst eise Kategorien). --Robby 14:44, 7 Oktober 2007 (UTC)
-
- Gudden Owend. Vulkaner. Den "Trend" geet iwwerhaapt a Richtung -er. Vill Wierder, déi soss eng -en Endung an der Méizuel haten, passe sech lues a lues dem "Trend" un. Den DLW, dee jo un der Spëtzt vum fortschrëttleche Progrès steet, ass och mat de Vulkaner mat derbäi :-)) --Cornischong 16:57, 7 Oktober 2007 (UTC)
-
-
- Ass dat wichteg fir d'Category
-
-
-
- Wann déi eng oder aner Schreifweis passt, solle mer dann elo 2 Cats maachen oder wéi?? An eise Categorys ass vill méi ee grousse Kuddelmuddel wéi eng Schreifweis vun de Vulkaner ass dat nachg kengem opgefall.
-
-
-
- Mer hunn:
-
-
-
-
- op d'mannst 4000 Biller déi keng cat hunn
- 7 Cats déi net Kategoriséiert sinn
- 1001 Schablounen déi net kategoriséiert sinn
- 74 Artikelen déi net kategoriséiert sinn
- 3407 Säiten ouni Interwikilinken
-
-
-
-
-
- Les Meloures 17:21, 7 Oktober 2007 (UTC)
-
-
PS: ech hunn och elo zimmlech Zäit gebraucht fir erauszefannen datt déi Fro nëmmen am Zesummenhank vun de Méizuel war, an net datt et esou wichteg wéinst der Kategorie war, déi stoung nämlech an der richteger Méizuel do (no DLW an DFL).
Et wier also schonns gutt wann een d'Froe géif mat den Zesummenhäng alleguer stellen, datt een och wees wou soll verbessert ginn. Les Meloures 18:24, 7 Oktober 2007 (UTC)
-
- An der Tëschenzäit gouf d'Lëscht vun de Vulkanen op Vulkaner geréckelt, d'Linke verbessert an de Lemma mat der falscher Schreifeis geläscht Les Meloures 18:32, 7 Oktober 2007 (UTC)
[änneren] Lëtzebuergesch Schanken
- "Wadenbein"
- "Schienbeinknöchel"
- "Wadenbeinknöchel"
--Cornischong 23:37, 21. Nov. 2008 (UTC)
Si "Wued" a "Schinnen" gutt oder mengs de eppes anescht? --Otets ♣ 19:34, 26. Nov. 2008 (UTC)
[änneren] Eist Äis
- Gudde Moien. Ma ech hunn hei eppes, un deem ech mer grad d'Zänn ausbäissen. Et geet drëm, welche Saz vun dëssen zwee hei richteg ass: "eis Kanner hunn äis gär" oder "eis Kanner hunn eis gär". Fir mech selwer woar "eis" ëmmer "eis", egal op am Sënn "uns" oder "unsere". "äis" woar fir mech ëmmer gefruerent Waasser oder dat éislecker "eis". De Spellchecker kann een an deem Fall jo aus bekannte grënn net vertrauen (e mecht erwoarterweis näischt dovunner falsch), an hei an der Wiki fannen ech "äis" och nëmmen als Deel vu Wierder wéi "Äisbier" oder "Paräis". "eis" fannen ech dann awer an der gesichter form ("Loosst eis de Wee...", "...fir an eiser Zäit..." etc.). Wéi gesidd dier dat? Woar fir iech den Ënnerscheed schon ëmmer selbstverständlech, hudd dier ni ee gemaach oder gëtt et dat einfach net? merci am virraus --JimHawk 07:36, 10. Dez. 2008 (UTC)
Salut. Fir der d'Liewen net ze schwéier ze maachen zielt eis eist / äis äist DLW Wierderbuch, datt mer "eis" oder "aïs" kënne schreiwe fir dat däitscht "uns". Bass de lo berouegt? --Cornischong 08:58, 10. Dez. 2008 (UTC)
-
- Moien och,
-
- Den DFL an Grammaire maachen en Ënnerscheed
-
- DFL Säit 405:
-
-
- notre, an nôtre ginn do iwwersat mat eis, eisen, eist mat der Ausnahm il est des nôtres = e gehéiert zu äis.
-
-
-
- nous gëtt mat mir an äis iwwersat. Bsp.: Hie sicht äis, a mir gesinn äis muer.
-
-
- D'Grammaire Säit 94 an 118
-
-
- Säit 94: Les adjectifs possessifs
-
-
-
- Nominatif et accusatif
-
| Possesseur | Masculin | Féminin | Neutre | Pluriel | ||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
|
|
|
|
|
-
-
-
- Datif
-
-
| Possesseur | Masculin | Féminin | Neutre | Pluriel | ||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
|
|
|
|
eisen |
-
-
- Säit 118 Le pronom réfléchi
-
|
|
/ |
|
|---|---|---|
| Mir wäschen äis | / | Mir wäschen äis d'Féiss |
Les Meloures 09:35, 10. Dez. 2008 (UTC)
Moien,
"Eis" an äis" (als Possessiv-, wéi och als Reflexivpronomen) sinn Doubletten. Dem Lëtzebuerger Sproochatlas no (Kaart 84) wier d'"äis"-Form déi méi geleefeg, mee de Fait, dass "eis" drënner steet, weist, dass et keen eendeitegen Ënnerscheed gëtt. "Iis", "ees" an "ons" do dergéint si Lokalvarianten. Deemno: Béid si "richteg". --Zinneke 10:41, 10. Dez. 2008 (UTC)
-
- also merci mol fir déi séier a professionell Hëllef :-) Dat ganzt verwirrt awer leider och e bëssen. Fir e konkrete Fall ze nennen: et geet em den Numm vun enger Initiativ, déi sech "Och fir eis" nennt. Mengt der, dat kann een mat engem rouege Gewëssen, eben well sech d'Dictionnaire net eenz sinn, esou stoe loossen? --JimHawk 11:47, 10. Dez. 2008 (UTC)
Fir däi Gewëssen ze berouegen: Déi zwou Variante si gudd a richteg. Eng praktesch Iwwerleeung: Falls déi Initiativ sollt eng Kéier eng Internetpräsenz kréien (wat haut jo scho bal obligatoresch ass) da giff ech "eis" huelen, well dat méi kloer fir d'Adress wier. "Äis" huet en Trema, an dee ka Problemaer als URL maachen... --Zinneke 11:53, 10. Dez. 2008 (UTC) ¨
- Merci Zinneke, ma déi initiativ huet schon eng Websäit (www.och-fir-eis.org). Alleng well sech de "eis" scho besser als Adress ugebueden huet, huet een sech ni missen iwwerleeen, op "äis" méi oder manner korrekt wier. --JimHawk 11:58, 10. Dez. 2008 (UTC)
[änneren] Öse / oeillet
Am Artikel Spigelreflexfotoapparat gouf "Öse" (de) / "oeillet" (fr) mat "Zip" iwwersat. Selwer hunn ech dat richtegt Wuert och net font. Weess eventuell een dat Wuert do op lëtzebuergesch?--Fliedermaus 18:31, 12. Dez. 2008 (UTC)
Salut. Dach, du hues et fonnt .... en Oeillet. Dat ass awer nach laang net deen eenzege Probleem mat deem Krätzbild! Do ass bal alles falsch drop. --Cornischong 18:48, 12. Dez. 2008 (UTC)
[änneren] Tapirulowuerentrennbéngelchen
- ... dee Staf, deen een am Supermarché um Tapis-rouleau bei der Keess tëschent d'Wuere vun engem selwer an deene vum nächste Client leet? --Zinneke 12:58, 18. Feb. 2009 (UTC)
-
- Dat ass eng "Séparation clients", wéi ech dat op der "beschtméiglecher Plaz" erkläert krut. --Cornischong 13:52, 18. Feb. 2009 (UTC)
Wéi wier et mat "Wuereseperator" (gemengt war: "Wuereseparator") oder "Wuerentrenner" ? An der de-Wiki hunn se och Problemer fir deem Déngens do en Numm ze ginn, mä ass awer do ënnert dem Lemma Warentrenner ze fannen.--Fliedermaus 14:13, 18. Feb. 2009 (UTC)
Wann ech an engem lëtzebuergesche "ganz" groussen Hypermarché, an deem praktesch jidderee Lëtzebuergesch schwätzt, vun enger lëtzebuergescher Reponsabeler op Lëtzebuergesch gesot kréien, datt dat Déngen "Séparation clients" heescht, an op Nofro, ob kee méi lëtzebuergescht Wuert bei hinne géif gebraucht ginn, an doropshi gesot kréien, datt dat net de Fall ass, da wier et scho speziell, wa bei deenen d'Clienten, a bei eis d'Wuere "getrennt" géife ginn. Dobäi sinn ech guer net der Meenung, mär sollen eis mat Frankophonem an Transmuselaneschen zefriddeginn! Wéi ech viru Joren an engem Fall, deen deem heite gläicht, en neit Wuert an d'Spill bruecht hat, krut ech vun engem Hyperpurist d'Remark gemaach, mär dierfte keng Wierder hei "erfannen", dat wier schliisslech eng Enzyklopedie, déi nëmmen dat géif relevéieren, wat et "gëtt". Wéi gesot, dat ass net meng Meenung! Wa mer där elauter dorëmmer lafen hätten, da géife mer nach mé Preisesch braddelen, wéi mer dat scho maachen. Dat Wuert "Separator" am Ländchen anzeféieren kënnt mer sadistesch vir. A mat deem Dénge ginn och keng Wuere "getrennt". Huel mer et net schif op. Ech hunn an deene Joren op der Wiki scho mat ville Sproochmatesse ze di gehat (ausser dem Alain Atten, leider), mee ech hunn nach keng zwéi begéint, déi sech eens waren. "Affaire à suivre"? Wat wëlls de vun engem Vollek erwaarden, dat seng eege Mammesprooch net schreiwe kann? --Cornischong 15:15, 18. Feb. 2009 (UTC)
Ech hu grad eréischt gelies (merci, Fliedermaus, fir de Link), datt esouguer déi Däitschsproocheg, déi jo soss fir alles e Begrëff hunn, sech net eens ginn. Da loosse mer einfach emol d'Méiglechkeete sammelen, an herno den Tri maachen: Eng Séparation-clients, e Wuerentrenner, e Separator, e Wuereseparator, e Clientstrenner, e Clientsseparator, oder, wa mer eis kreativ Oder ustrengen, en Tapis-rouleaus-Bengel, en Tapis-rouleaus-Staf, en Akafs- oder Kommissiounesënnerblëll, ... <weider Suggestiounen heihinner>.
Stëmme mer dann of ;-) --Zinneke 16:55, 18. Feb. 2009 (UTC)
- Moien,
- Wa mer Separation-client huelen da misst eng Homonymie gemaach ginn, well bei villen Transportgesellschafte gi jo sou Separatioune gemaach, (1. Klass, 2. Klass, Vip, a.s.w)
Les Meloures 19:01, 18. Feb. 2009 (UTC)
Firwat dann op eemol "Separation-client"? Uewe steet "Séparation clients". --Cornischong 21:59, 18. Feb. 2009 (UTC)
-
- Aner Leit entschëllege sech an esou Fäll mat Tasteverhaspeler, ech dann och. Geet Méckegepeils erëm un? Les Meloures 22:27, 18. Feb. 2009 (UTC)
An engem Fernsehquiz war d'Äntwert op déi Fro "WTB", also "Warentrennblock", dat wier anscheinend déi offiziell Industriebezeechnung. Awer wa souguer de Sebastian Sick net mat enger Dudenäntwert kënnt, mee sech "Warentrenner" als gebräichlechst Wuert ergoogelt, da maach et effektiv sinn datt mer momentan nach an der Phas si wou mer live d'Evolutiounstheorie am Sproochendschungel matverfollege kënnen. Wéi gesot mat als bis ewell klorem héidäitsche Favorit de "Warentrenner". Mer sollten eis deemno net dem Wuerentrenner verschléissen, mat oder ouni -block. Ëmmerhi kënne Mon a Fro sech trennen also kann ech och meng Wueren trennen. Sepapipapo kann een op d'fr-wiki schreiwe goen, hei huet dat näischt verluer, net emol als Redirect. --Otets ♣ 21:20, 19. Feb. 2009 (UTC)
[änneren] Verbuet, Verbued, Verbot...?
Wéi schreift ee fir inderdiction (fr) / Verbot (de) op Lëtzebuergesch ? --Fliedermaus 15:07, 11. Aug. 2009 (UTC)
Moien,
De Luxdico an den DFL sinn enger Meenung Verbuet. Les Meloures 15:26, 11. Aug. 2009 (UTC)
Moien,
Merci fir d'Äntwert.--Fliedermaus 15:36, 11. Aug. 2009 (UTC)
[änneren] Verkafskiosk oder Verkaafskiosk?
Ass e Kiosk wou verkaaft gëtt kee Verkaafskiosk? Als Wikipedia-Lemma hu mir elo Verkafskiosk.--Fliedermaus 10:32, 25. Sep. 2009 (UTC)
Moien,
Bei zesummegesate Wierder spillt d'Regel vun der Veduebelung vum Vokal net. Aner Beispiller: Alstad, kalbliddeg, Sakgaass.
Beim Liaisouns - S gëllt dat selwecht. Bsp: Schofspelz, Bëschofsmutz.
Les Meloures 10:44, 25. Sep. 2009 (UTC)
Moien,
Merci fir d'Erklärung.--Fliedermaus 12:47, 25. Sep. 2009 (UTC)
[änneren] Staustuf
Dat Wuert "Staustuf" geeschtert zënter Kuerzem an Artikelen erëm. Ginn do Stufe gestaut? Oder Staue gestuuft? Villmools Merci am Viraus. --Cornischong 05:49, 15. Okt. 2009 (UTC)
Moien,
Hues de eng valabel Propositioun wéi een dat da soss nenne kéint? Les Meloures 07:01, 15. Okt. 2009 (UTC)
[änneren] Hydroelektresch Zentralen
Zënter Kuerzem gëtt et eng Kategorie, déi een esou genannt huet. Dat kléngt komesch! Et wäerte jo net Zentrale gemengt sinn, déi elektresch, respektiv hydroelektresch sinn!? Am Däitschen heeschen déi Zentralen jo net "Elektrische Zentralen", well se jo net elektresch sinn. Mee déi an der Nopeschwikipedia ginn och net eens domatt, well do liest een eng Kéier Elektrozentrale an déi aner Elektro-Zentrale. Villmools Merci am Viraus. --Cornischong 06:02, 15. Okt. 2009 (UTC)
- Mer hunn nach Noperen an déi nennen dat centrale hydroélectrique. Wann een eng besser Iwwersetzung derfir huet net zécken an einfach ëmbenennen. Mer missten dann e Koup Saachen an der Wiki änneren déi elektresch sinn. Kuck emol der emol vläicht deen een oder aneren Artikel un deen s de selwer ugeluecht hues. Do hues de der anscheinend déi Gedanken net gemaach. Les Meloures 06:29, 15. Okt. 2009 (UTC)
-
- P.S. Ech maache mer awer gären d'Aarbecht fir déi Dénger änneren ze goen. Ech waarde just op eng valabel Propositioun. Les Meloures 06:31, 15. Okt. 2009 (UTC)
Salut! Hei eng Lëscht vu Wierder, déi keng richteg lb Equivalenter hunn:
- Abendland - Okzident/Westen
- Abendmahl (am reliéise Sënn)
- Aufnahme - Opnam
- Ausnahme - Ausnam
- Beichtvater
- Bushaltestelle - Busarrêt
- Fragezeichen
- Herausgeber - Editeur
- Kühler - dito
- Prüfung (an der Schoul) - dito
- Scheibenwischer - Wischer
- Seelsorger
- Staatswerdung
- Stellungnahme - Positioun (huelen)
- Tatsache (Tat = Dot) - Tatsaach
- Wasserrückhaltebecken - Baseng, dir d'Waasser zeréckzehalen
- Wasserspülung - Chasse
Kann ee mer hei weiderhëllefen? Merci an e schéinen Dag nach! R.D.
[änneren] Chamberwale vs Chamberswale
Am Artikel André Hoffmann (Politiker) gouf "Chamberwale" duerch "Chamberswale" ersat. Ech géif do awer keen "s" schreiwen.--Fliedermaus 16:56, 18. Feb. 2011 (UTC)
Moien,
Et kritt och keen. Les Meloures 17:21, 18. Feb. 2011 (UTC)
- PS. Dobäi ass et e Link gewiescht deen duerno rout amplaz blo war. Ass gefléckt. Les Meloures 17:26, 18. Feb. 2011 (UTC)
Moien,
Merci.--Fliedermaus 18:43, 18. Feb. 2011 (UTC)
[änneren] Méizuel vu Gambit
Wat ass richteg:
- Gambiten,
- Gambiter,
- Gambitten, oder
- Gambitter?
Ech froe well mer eng Kategorie:Gambit hunn. D'Kategorië sollen awer am Plural stoen. Wee weess méi? --Pecalux 10:52, 21. Feb. 2011 (UTC)
- Ech giff soen, "Gambiten", an zwar a) well <-en> d'Default-Pluralmorphem ass, a b) just mat engem 't', well d'Lemma englesch ausgeschwat gëtt, an esou seng Integritéit bestoe bleift (soss misst ee "Gämbitten" schreiwen, an dat wierkt e bësse barbaresch... --Zinneke 22:51, 1. Mäe. 2011 (UTC)
[änneren] Leinwand
-
-
-
-
- Dës Diskussioun gouf vum Benotzer Christian Ries senger Diskussiounssäit heihinnergetässelt fir datt mer och nach aner Meenungen dozou héieren.
-
-
-
Moien, Ech fannen a kengem lëtzebuergeschen Dictionnaire den Ausdrock Leinwand. Se soen Ecran, Schierm, a Bildschierm. Projektiounsschierm wier vläicht als lëtzebuergeschen Ausdrock net sou schlecht. Et kéint een dat Ganzt natierlech och op der Wiki op dëser Säit zur Diskussioun stellen. Schonn aleng wéinst engem zukünftege Lemma géif ech dat net schlecht fannen. Wat mengs du dozou? Les Meloures 09:09, 11. Mäe. 2011 (UTC)
- Moien, a menger Beruffscarrière , hu mir vill mat deem Geschir geschafft, mit hunn et ëmmer Projektiounswand genannt. --Pepe 09:45, 11. Mäe. 2011 (UTC)
-
- Gudde Mëtteg, dee Begrëff fënnt ee 7 Mol op der lb-Wiki: http://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Spezial%3ASichen&search=Leinwand. Dir kënnt dee gären änneren, mä et ass op kee Fall e Bildschierm. Schéine WE, --Christian Ries 14:50, 11. Mäe. 2011 (UTC)
-
-
- Remoien,
-
-
-
- Da steet en och do vläicht all Kéiers falsch. Dat hei ass dat wat ons däitsch Noperen ënner Leinwand verstinn. Vläicht seet dat genuch firwat deen Ausdrock net grad glécklech ass.
-
-
-
- Datt et siwemol op der lb:Wiki steet (dovunner eng Kéier an engem däitschen Text, dat ass jo ok), ass jo och net onbedingt eng Referenz datt et richteg soll sinn.
-
-
-
- Ech transportéieren dat Ganzt emol op déi betreffend Diskussiounssäit -- Les Meloures 15:36, 11. Mäe. 2011 (UTC)
- Hei dat ass witzeg. An der Zäit vun deene penibelen Diasowenden ass dach ëmmer d'Leinwand opgeriicht ginn - mam Projecteur um Streckbried. Do hu mir gemengt een däitscht Wuert ze benotzen, sou wéi si eppes "Handy" nennen, a mengen dat wier englesch, a sech da wonneren dass puritanesch Amerikaner bei dem Wuert genéiert grinsen... --Jwh 19:13, 11. Mäe. 2011 (UTC)
- Ech transportéieren dat Ganzt emol op déi betreffend Diskussiounssäit -- Les Meloures 15:36, 11. Mäe. 2011 (UTC)
-