Histologie
| Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
D'Histologie (vu gr. histos - Tissu) ass d'Wëssenschaft vun de biologeschen Tissuen, di an der Konstitutioun vun de verschiddene plurizellularen Organisme sinn. Domat ass d'Histologie en Deelgebitt vun der Medezin an der Biologie, méi genee vun der Anatomie an der Pathologie.
D'Histologie ënnersicht d'Tissuë mat Hëllef vu mikroskopeschen Tissutranchen a speziellen Technike fir den Tissu ze fierwen. Esou gëtt fir d'Kriibsdiagnos an der Regel en histologescht Resultat gefrot. An der Medezin gëtt prinzipiell all ewechoperéierten Deel histologesch ënnersicht.
En elementaart Aarbechtsmëttel vun der Histologie ass de Liichtmikroskop an den Elektronemikroskop, dee méi héich opléist.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Histologesch Allgemeng Klassifikatioun
D'Histologie behandelt haut de Studium vun:
- den Zellen an der Cytologie
- den Tissuen, Histologie am strengen oder klassesche Sënn
- den Organen, speziell Histologie a mikroskopesch Anatomie
Wann ee vun der klassescher Opfaassung vun der Histologie ofkuckt, déi haaptsächlech morphologesch Wëssenschaft, huet Histologie haut enk Rapporte mat der Biochimie (Histo-Chimie, Histo-Enzymologie, ...)) a mat der der Physiologie.
[änneren] Histologesch Klassifikatioun vun den Tissue bäi de Mamendéieren
D'Histologie as eng deskriptiv Wëssenschaft, déi déi morphologesch Kennzeeche vun deene verschiddene Gewebezorte vun den Déieren a vum Mënsch studéiert. Si beschäftegt sech - am Géigesaz zur Zytologie - net direkt mam geneeën Opbau vun den eenzelnen Zellen, mee interesséiert sech fir déi ganz Architektur, déi d'Zellen zesumme bilden. Déi méizelleg (plurizellulär) animalesch Liewewiese bestinn aus enger grousser Zuel vun Zellen, déi sech all zu verschiddenen Tissuen (Geweben) zesummendinn. Déi Aart a Weis wéi sech d'Zellen zesummendinn erlaabt eis, verschidde Grondtissuen z'ënnerscheeden.
Bei deene meeschten Déieren a beim Mënsch kann ee graff 4 Grondtissuen differenziéieren, aus deenen de ganzen Organismus opgebaut ass:
1. Epithelien: héi kann een Ënnerscheeder tëschen dei op der Oberfläch (extern an intern) an de Glandulen déi Ausscheedungen vollzéie
2. Bindegewief: dësen Tissu iwwerhëlt wichteg Metabolesch an Verdeedegungsaufgaben (Blutt ass als Bindegewief ugesinn)
3. Muskelgewief: doduerch ass Mobilitéit grantéiert
4. Nervegewief: dësen Tissu erméiglecht Receptioun, Transmissioun a Verschaffe vun Informatiounen
Am Folgende gëtt kuerz beschriwwen, duerch wat sech dës 4 Tissue-Typen erkenne loossen.
1. Epithelien
En Epithelium as e Verband vun Zellen, déi ganz enk uneneen leien, an déi duerch eng "Basalmembran" vun engem Bindegewief getrennt sinn an op him opleien. En Epithelium kann op Däitsch och nach 'Deckgewebe' genannt ginn, well en eng Struktur iwwerdecken an se emschléissen kann. Epithelien kënnen och kleng Tüben bilden an esou eng Drüs konstruéieren. Eng Drüs as näischt anescht wéi en tubuläre System, dee bestëmmte Stoffer sekretéiert. En Epithel kann aus enger oder e puer Schichten vun Zellen bestoen.
[änneren] Fierfmethode vun der Histologie
[änneren] Literatur zum Thema
- Welsch, Ulrich: Lehrbuch Histologie, 1. Oplo, 2002, Verlag Urban & Fischer, München Jena, ISBN 3-437-42420-3 (608 S., 122 Grafiken, 486 faarweg an 203 schwaarz-wäiss Fotoen)
- Ferd Sauber, Notes de Biologie Générale II, Section Chimie-Biologie 1999-2000
- R.V. Krstic: Atlas d'histologie générale
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Category:Histology – Biller, Videoen oder Audiodateien |