Internationaalt Joer vun der Astronomie
Op e Virschlag vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU), ass d'Joer 2009 zum Internationale Joer vun der Astronomie erkläert ginn. Genee 400 Joer virdrun, am Joer 1609, huet de Galileo Galilei an nach aner Geléierter fir d'éischt en Teleskop fir astronomesch Observatiounen agesat, an de Johannes Kepler huet mat sengem Wierk "Astronomia Nova" de Grondsteen zum besseren Verstoe vun de physikalesche Gesetzméissegkeete ginn, deenen d'Himmelskierper follegen.
E Schreiwes vun den Italiener un d'UNESCO, déi fir pedagogesch, wëssenschaftlech a kulturell Wärter verantwortlech Institutioun vun de Vereente Natiounen, gouf ugeholl, wat d'IAU den 30. Oktober 2006 zu Paräis offiziell bekannt ginn huet. De formelle Beschloss vun der 62. UN-Generalversammlung ass den 20. Dezember 2007 erfollegt. Mat enger feierlecher Zeremonie gouf den 15. Januar 2009 dat Internationaalt Joer vun der Astronomie offiziell ageweit. Méi wéi 600 Wëssenschaftler hu sech op Invitatioun vun der UNESCO op der Ouverture zu Paräis getraff.
D'Koordinéierung vum Internationale Joer vun der Astronomie 2009 huet d'IAU iwwerholl. Dës Initiativ soll alle Mënschen d'Geleegenheet bidden, ee méi déiwen Abléck an d'Astronomie ze kréien. Ausserdeem wellen d'Astronomen d'Joer 2009 als Plattform gebrauchen, fir der Ëffentlechkeet iwwer déi neiesten astronomesch Entdeckungen ze informéieren.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Bedeitung vum Joer 1609 fir d'Astronomie
Den 25. September 1608 reest den Hans Lippershey, e jonke Mann aus Middelburg, no Den Haag, fir seng Erfindung, en Teleskop, der hollänescher Regierung virzeféieren. Obschonns him d'Patent net zouerkannt gouf, héiert de Galileo Galilei vun dëser Geschicht an entscheet sech dofir, dat "hollännescht Perspektivglas" ze gebrauchen an et op den Himmel ze riichten.
Am Joer 1609 war de Prinzip vum Teleskop op verschiddene Plaze bekannt. De Galileo Galilei an nach aner Astronomen hunn hiert Teleskop an den Nuetshimmel geriicht an doduerch erstaunlech Entdeckunge gemach. De Mënschen hir Virstellung vun der Welt gouf grondleeënd verännert: Vill Stären, déi ee mat bloussem A net geinn waren, goufen entdeckt, Bierger an Krater op dem Äerdmound sowéi déi Galiléiesch Mounden vum Jupiter. Am selwe Joer publizéiert de Johannes Kepler säi Buch "Astronomia Nova", an deem hien déi grondleeënd Gesetzer vun der Planéitebeweegung opstellt.
[änneren] Zil vun der IYA (International Year of Astronomy)
D'Astronomie, déi eelsten Naturwëssenschaft, huet an de meeschte Kulturen eng wichtig Roll gespillt. Dat Internationaalt Astrononomiejoer 2009 (IYA2009) huet sech als Zil gesat, weltwäit jonk Leit fir d'Astronomie an allgemeng fir d'Wëssenschaften ze begeeschteren. De Motto ass: "De Weltraum: Du liefs dran – entdeck en!"
Iwwer 100 national Komiteeë goufen zesummegesat, fir d'Projeten an der Rumm vun der IYA2009 ze koordinéieren an de d'Ëffentlechkeet doriwwer ze informéieren. Déi Komiteeën sinn Kooperatiounen tëschent Beruffs- an Amateurastronomen, Planetarien an Observatoiren, Instituter an Kulturariichtungen. Déi eenzel Länner wäerten hir eegen Initiativen entwéckelen, während d'IAU als Koordinator vum ganzen Ereegnes optrëtt.
No der IYA2009-Websäit ass d'Haaptzil vum IYA2009 ënner anerem:
- Verbesserung vun der wëssenschaftlecher Allgemengbildung
- E besseren Zougang zu neien astronomeschen Asiichten
- Ënnerstëtzung vun astronomeschen Aktivitéiten an den Entwécklungslänner
- E bessert Netzwierk fir déi astronomesch Ëffentlechkeetsaarbecht
- Konservéierung an Schutz vum Naturdenkmal Nuetshimmel an der natiirlecher Nuetsëmwelt
Das IYA2009 wird auch weniger etablierten Organisationen aus Entwicklungsländer helfen, in größeren Organisationen involviert zu werden und ihre Beiträge, verbunden über ein globales Netzwerk, zu liefern. Diese Initiative zielt auch darauf ab, arme Kinder auf der ganzen Erde zu erreichen und ihr Verständnis für die Welt zu verbessern.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- (de) Offiziell Haaptwebsäit zum Internationale Joer vun der Astronomie 2009
- (de) Däitsch Websäit zum Internationale Joer vun der Astronomie 2009
- (de) Éisterräichesch Websäit zum Internationale Joer vun der Astronomie 2009
- (de) Websäit zum Internationale Joer vun der Astronomie 2009 an der Metropolregioun Nürnberg
- (de) Websäit zum Internationale Joer vun der Astronomie 2009 an der Regioun Stuttgart an doriwwer eraus
- (en) Proclamation of 2009 as International Year of Astronomy (UNESCO Executive Board) - Deklaratioun vun 2009 als Internationalt Joer vun der Astronomie (Komitee vun der UNESCO) (PDF, 16 kB)
- (en) Pressmatdeelung vun der Internationaler Astronomescher Unioun
- (en) Resolutioun vun den Vereenten Natiounen (PDF, 28 kB)
- (de) Offiziellen däitschen Trailer
| Commons: International Year of Astronomy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
