Hans Lippershey
Den Hans Lippershey (och: Jan Lipperhey oder Johannes Lipperhey), gebuer ëm 1570 zu Wesel, gestuerwen am September 1619 zu Middelburg) war en däitsch-hollänesche Optiker an Erfinder vum hollänneschen Teleskop.
De Lippershey ass am Joer 1594 no Middelburg an der haiteger Provenz Zeeland ausgewandert an huet sech do als Brëllemécher niddergelooss. Den 2. Oktober 1608 huet hien dem Rot vu Zeeland en Instrument ugebueden, mat deem ee méi wäit konnt kucken an huet dorop hin eng Commande kritt, déi Instrumenter ze bauen. Schonn e Joer duerno goufen zu Paräis déi sougenannten „Teleskope“ vum Lippershey verkaaft. 1609 ass dem Galileo Galilei den astronomeschen Duerchbroch mat engem Nobau vum Lippershey-Teleskop gelongen.
De Lippershey krut dat ugefrote Patent fir säin Teleskop zwar net. De Grond dofir war, datt hien am Oktober 1608 net (méi) deen eenzege war, deen Teleskope baue konnt a gebaut huet. Niewent dem Hans Lipperhey hunn och de Jacob Adriaanszon, genannt de Metius vun Alkmaar, souwéi den Zacharias Jansen Usproch op d'Patent vum Teleskop verlaangt.
De Sträit ëm d'Prioritéit iwwer d'Erfanne vum Teleskop gouf fir d'éischt 1655 am engem Buch duergestallt. Den Titel vum Buch ass: De vero telescopii inventore [1] an gouf vum Pierre Borel verfaasst. An dësem Buch ass och e Bild vum Lippershey.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Quellen
- Rolf Riekher: Fernrohre und ihre Meister. 2. Oplo, Berlin 1990, S. 19–21.
- (en) Biographie im Gallio Project
