Drotseel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Drote Seel)

Drotseeler si Seeler déi aus stolen Dréit hiergestallt ginn.

Dobäi ënnerscheet een zwou Haaptkategorien, d'Ronnseeler an d'Flaachseeler.

Ronnseeler gi gewéckelt, am technesche Jargon verseelt, a Flaachseeler gi gebutt. Dobäi ënnerscheet een tëscht einfach gebuttenen, an duebel gebuttene Seeler.

D'Ronnseeler ginn ënnerdeelt an:

  • Spiralseeler och Ronnlitze genannt. Dës Seeler sinn einfach verseelt.
    • Als Ënnerdeelung gëtt et oppe Spiralseeler a verschlosse Spiralseeler.
    • Verschlosse Spiralseeler deele sech erëm an Hallefverschlossener, a Vollverschlossener.
  • Litzeseeler. Déi Seeler sinn duebel verseelt, an et ënnerscheet een tëscht Ronnlitzeseeler, a Formlitzeseeler.
    • Ronnlitzeseeler kënne Seeler mat enger Lo oder Seeler mat méi Loe sinn.
      • Ronnlitzeseeler mat méi Loen, sinn ënnerdeelt a Spiralronnlitzeseeler, a Parallelronnlitzerseeler.
    • Formlitzeseeler gëtt et als Dräikantlitzeseeler a Flaachlitzeseeler.
      • Flaachlitzeseeler gëtt et mat enger oder mat méi Loen.
  • Kabelschlagseeler si Seeler déi dräimol verseelt sinn.
  • Flechtseeler si Seeler déi geflecht sinn.

Begrëffer aus dem Seelbau[änneren | Quelltext änneren]

  • Seeldrot
  • Seeleinlag
    • Fasereinlag
    • Stoleinlag
  • Litz
    • Schlaglängt vun der Litz
    • Schlagwénkel vun den Dréit an der Litz
    • Schlagrichtung vun der Litz
    • Verseelung vun der Litz
      • Parallelverseelung oder Parallelschlag
        • a) Filler
        • b) Seale
        • c) Warrington
        • d) Warrington-Seale.
      • Standardverseelung oder Standardschlag
      • Verbundlitzen
  • Seel
    • Schlaglängt vum Seel
    • Schlagwénkel vun de Litzen am Seel
    • Schlagrichtung vum Seel
    • Schlagaart vum Seel
    • Seeler mat wéineg Spannung
    • Dréifräi Seeler respektiv Seeler mat wéineg Dréiung.

Seelkonstruktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Spiralseeler[änneren | Quelltext änneren]

  • Spiralseel 1 × 7 (DIN 3052)
  • Spiralseel 1 × 19 (DIN 3053)
  • Spiralseel 1 × 37 (DIN 3054)

Ronnlitzeseeler[änneren | Quelltext änneren]

  • Ronnlitzeseel 6 × 7 (DIN 3055)
  • Ronnlitzeseel 8 × 7 (DIN 3056)
  • Ronnlitzeseel 6 × 19 Filler (DIN 3057)
  • Ronnlitzeseel 6 × 19 Seale (DIN 3058)
  • Ronnlitzeseel 6 × 19 Warrington (DIN 3059)
  • Ronnlitzeseel 6 × 19 Standard (DIN 3060)
  • Ronnlitzeseel 8 × 19 Filler (DIN 3061)
  • Ronnlitzeseel 8 × 19 Seale (DIN 3062)
  • Ronnlitzeseel 8 × 19 Warrington (DIN 3063)
  • Ronnlitzeseel 6 × 36 Warrington Seal (DIN 3064)
  • Ronnlitzeseel 6 × 35 Warrington gedeckt (DIN 3065)
  • Ronnlitzeseel 6 × 37 Standard (DIN 3066)
  • Ronnlitzeseel 8 × 36 Warrington Seale (DIN 3067)
  • Ronnlitzeseel 6 × 24 Standard + 7 Fasereinlagen (DIN 3068)
  • Spiral-Ronnlitzeseel 18 × 7 dréiaarm (DIN 3069)
  • Spiral-Ronnlitzeseel 36 × 7 dréifräi (DIN 3071)

Flaachlitzeseeler[änneren | Quelltext änneren]

  • Flaachlitzeseel 10 × 10 dréiaarm (DIN 3070)