Dëse Fichier ass vu(n) Wikimedia Commons an däerf vun anere Projete benotzt ginn.
D'Beschreiwung op senger Beschreiwungssäit steet hei ënnendrënner.
Resumé
BeschreiwungStolpersteng Famill Lazard, 11, rue Saint-Nicolas, Déifferdeng-001.jpg
Lëtzebuergesch: Den 28. Oktober 2014 goufen zu Déifferdeng am Kader vun der Ausstellung «Quand Differdange devint "judenrein". Le jour où nos chemins se séparèrent» déi éischt Stolpersteng geluecht. D'Bridder Isidor a Sigismond Lazard ware Véihändler a Metzler, se hunn an der Rue Saint-Nicolas gewunnt. De Sigismond war mat der Berthe Mayer bestuet, si haten eng Duechter, d'Renée. D'Renéechen, wéi d'Kand an der Noperschaft genannt gouf ass am Januar 1942 am Alter vun 13 Joer am Exil zu Poitiers un enger Blinddarmentzündung gestuerwen. Seng Elteren a säi Monni Isidor goufe kuerz drop an der Géigend vu Verteuil verhaft an den 3. November 1942 via Drancy op Auschwitz deportéiert, wou se warscheinlech direkt vergaast goufen.
D'Déifferdenger Guiden a Scouten hunn op all Steen eng Rous geluecht.
D'Wierk deelen – kopéieren, verdeelen a weiderginn
D'Wierk kombinéieren – adaptéieren
Ënner dëse Konditiounen:
Attributioun – Dir musst appropriéiert Informatiounen iwwer den Auteur uginn, e Link op d'Lizenz maachen, an uginn ob Ännerunge gemaach goufen. Dës Informatioune kënnen op eng räsonabel Manéier gi ginn, awer ouni datt den Androck entsteet datt deen deen d'Lizenz ginn huet Iech oder Är Benotzung approuvéiert oder ënnerstëtzt.
ënner deselwechte Bedingunge weiderginn – Wann Dir dëst Wierk ännert, transforméiert oder dorop opbaut, dierft Dir dat Wierk, dat doraus entsteet, nëmmen ënner der selwechter oder enger kompatibeler Lizenz, verbreeden.
An dësem Fichier si weider Informatiounen, déi normalerweis vun der Digitalkamera oder dem benotzte Scanner kommen. Wann de Fichier nodréiglech geännert gouf, kann et sinn datt eenzel Detailer net mat dem aktuelle Fichier iwwereneestëmmen.