Fichier Diskussioun:Albert-Breisch------w.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wisou CC an net Domaine public? --Otets 23:30, 23. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech huelen un, well d'Nationalbibliothéik et ënner CC verëffentlecht (Kuck d'Conditiounen do an der "Luxemburgensia online Rubrik). --Zinneke 08:13, 24. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Quell vun der Foto--Fliedermaus 08:28, 24. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Hm, dat wier déi franséisch 2.0 Versioun vun der CC BY-NC-SA Lizenz, net déi einfach wéi hei uginn, wou en plus d'Referenz op d'Nationalbibliothéik feelt. Et gesäit mer trotzdem relativ eendeiteg no enger "oeuvre dirigée" aus (Artikel 6 vum Gesetz vun 2001), bei deer d'Droits d'auteur scho 70 Joer no der Publicatioun ofgelaf sinn (Artikel 9. Paragraph 3. vum Gesetz vun 2001). D'Nationalbibliothéik kéint also just Droits d'auteur um Scan reclaméieren - just gesinn ech a priori net wéi e Scan kann "original" sinn (Artikel 1. Paragraph 3. éischten Abschnitt vum Gesetz vun 2001), also de contraire vu "banal", mat der Empreinte vun der Perséinlechkeet vum Auteur, deen e Kreatiounseffort gemat huet. Wou soll dee perséinlechen Effort si wann de Scan plazeweis Schieter huet, bal onlieserlech ass oder schif hänkt? Enfin, kucke mer emol. --Otets12:59, 24. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]