Fichier Diskussioun:Ducatus Lutzenburgi.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut! All al Kaart ass natiirlech interessant, mee wier et net méi sënnvoll, eng Kaart ze bréngen, déi 1° méi kloer an 2° "richteg" orientéiert wier? 't gëtt jo Beispiller genuch... Merci a schéi Chrëscht- a soss Feierdeeg! R.D.

Moien och,
Ass den Norden op der Kaart falsch agezeechent? 91.180.151.239 14:23, 24. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Re-Salut! Fréier sinn d'Kaarten net systematesch esou orientéiert ginn, ewéi mir dat gewinnt sinn. Déi heite Kaart weist Diddenuewe lénks, Arel uewen, asw., d.h. den Norden ass rechts op der Kaart. Dat ass net grad glécklech... fir eis zäitgenëssesch Lëtzebuerger. Menger Meenung no wier et besser, eng Kaart ze bréngen, wéi déi, déi et am <<Itinerarium Belgicum>> (Köln, 1587) gëtt. Deen Atlas ass der Nationalbibliothéik viru ~25 Joer vun der Banque générale du Lux. geschenkt ginn. Bei däer Geleenheet ass eng kleng Broschür disponibel gewiescht, mat där Kaart an der Mëtt (=> liicht ze kopéieren). S' ass zwar net faarweg, mee relativ gutt lieserlech. 't gëtt awer nach vill aner Kaarten, déi ee kéint benotzen... Äddi, R.D.