Fichier Diskussioun:Japan Kaart cia.png

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Kurileninselen, tëscht NO-Japan an dem Kamtschatka, si wéinstens deelweis ëmstridden! Japan betruecht déi südlechst (d'Habomai-Grupp, Shikotan, Kunashiri an Etorofu) als seng "Nord-Territorien", als Gebidder, déi zur grousser Insel Hokkaido ze rattachéiere sinn. D'Russen hun eng diplomatesch net ganz kloer Positioun, och wa si zanter 1945 déi ganz Kette vun de Kurileninsele besetzen. Iwwregens: Japan huet bis haut kee Friddensvertrag mat der Sowjetunioun, respektiv mat der Russescher Federatioun ënnerschriwwen. Wéint der ongeléister Fro vun de südlechste Kurilen! D'Kaart vu Japan, déi hei presentéiert gëtt, misst duerch eng méi objektiv ersat ginn.

Salut, R.D.

Enfin, wann d'Russen d'Insele besetzen a Japan se just revendikéiert... da misste vill Koarte frësch gemat ginn, Israel dierft op guer kenger si well den Iran revendikéiert... ech mengen net datt dat vill bréngt. Et kéint een am Artikel drop hiweisen, jo. --Otets 12:27, 2. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]


Waouh! Do ass eng gescheit Reaktioun! Ech weess net, wat Israel hei ze sichen huet, e Land, dat seng eege Grenzen op de Kaarten net ugëtt, mee permanent Land vun de palestinenseschen Araber klaut. Informéier dir iech dann net? A wat soll den Iran dann hei, ee Staat, dee schonn 200 Joer laang kee Mënsch ugegraff huet an awer ëmmer nees verdäiwelt gëtt. Sécher, säi Regime ass net akzeptabel, mee dat ass den Iraner hire Problem, oder? An déi hunn näischt géint Israel! Informéiert iech emol...

Japan revendikéiert net "just", Japan fuerdert zeréck! Dat heescht, datt Japan net mat der Besetzung vu sengen Inselen d'accord ass. An d'Japaner stinn net eleng do mat hirer Opfaassung. Wat elo d'Kurilen ubelaangt, do gëtt et Kaarten, déi souwuel déi russesch Präsenz ewéi déi japanesch Revendikatiounen uginn. Esou eng Kaart gehéiert heihinner. An domm Aussoë vun engem Otets hëllefen net grad weider. R.D.

Ech prononcéiere mech net iwwert d'Gescheitheet vun den Aussoen hei driwwer, dat féiert zu näischt, wéi mer grad gesinn. Wat weiderhëlleft: Wann där eng fräi Koart kennt, déi déi Problematik do neutral graphesch erëmgëtt, da schreift de Link heihinner, oder nach besser, mellt äech un a lued se selwer erop (wéi gesot, NPOV muss se sinn, "sengen Inselen" ass et net). --Otets 14:11, 3. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]