Fichier Diskussioun:Minière Ottange II Entrée de Galerie.JPG

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Weesst du méi doriwwer? Well ech hu mat engem Mineur geschwat, dee gemengt huet datt d'Gemeng dat viru kuerzem esou erausgebotzt huet, mee heen dat ni als aktiven Agank kannt huet. Sou datt ech mech froen op et do virun Urzäiten an Ëtteng II eragaangen ass, oder an eng aner Minière am netkonzessiounsflichtegen Deel? --Otets 09:55, 2. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

Wann ech eng Kéier an der Géigend sinn ginn ech mech op d'Gemeng méi genee informéieren. Wann et dem Minièresplang nogeet war op d'mannst een Agank awer net wäit dervun ewech. --Les Meloures (Diskussioun) 12:33, 2. Mee 2014 (UTC)[äntweren]
Wéi een dann? De Schacht läit vill méi südlech virun Nonkeel (dovun hunn ech eng aktuell Foto, misst se emol eroplueden), wou deem Mineur no wuel och nach e weideren Agank gewiescht sollt sinn. --Otets 09:38, 6. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

Ma dee Minièresplang vun 1940 deen am Artikel ass. Do ass eng Galerie zimmlech genee op där Plaz agezeechent, wou haut déi Entrée vun der Photo ass. Et sollt een och en Ënnerscheed tëscht engem Schacht (vertikal) an enger Galerie (horizontal) maachen. Oder ass Ëtteng II nëmmen iwwer e Schacht exploitéiert ginn. Wat ass mat der Gefällsstreck? Ass déi néirens erauskomm? Ech ginn zou datt et schwéier ass fir iwwer Saachen ze schreiwen, wann d'Dokumentatioun moer ass. Mä lues a lues wäerte mer weiderkommen. Wann eise Spezialist vu senger Weltrees erëm ass gi mer vläicht eppes weider gewuer. --Les Meloures (Diskussioun) 12:06, 6. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

Op der Foto vum Schacht ass eng Seelbunn mat drop. Dofir zweiwelen ech drun datt dat e Schacht vun Ëtteng II soll sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 12:22, 6. Mee 2014 (UTC)[äntweren]
Ass et awer, et ass d'Seelbunn déi vu Ruxweller koum. --Les Meloures (Diskussioun) 12:37, 6. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

Déi Entrée war awer anscheinend schonn do ier d'Gemeng déi Verschéinerungsaarbechte gemaach huet an déi eigentlech Entrée hanner engem Virbau verstoppt huet. Op dëser Säit ass eng Foto vu fréier drop. --Les Meloures (Diskussioun) 12:52, 6. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

Um Konzessiounsplang vun 1940 giff ech soen datt dee roude Punkt de Schacht weist. Ech kennen Ëtteng II éierlech gesot net selwer, ech hat do mat engem ale Mineur geschwat, deen déi Entrée op denger Foto ni a Gebrauch gesinn hat a se och néierens hindonge konnt (en huet gemengt, dat kéint eppes vun iergend enger "aler" gewiescht sinn), an deen eng Gefällstreck um Site nieft dem Schacht vermutt huet (mee haut praktesch net méi auszemaachen).
Iwwer d'Seelebunn hues de der jo scho selwer d'Äntwert ginn.
Wann ech di zou Fotoe vergläichen, da schéngt d'Gemeng näischt verstoppt ze hu wat net scho virdru verstoppt war.
--Otets 18:25, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]


Da kuck emol gutt. Et gouf eng nei Mauer virun der aler Entrée opgericht. --Les Meloures (Diskussioun) 19:45, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]