Fichier Diskussioun:MonuMäe11.JPG

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am Prinzip kann ee GFDL-Lizenzen déi een eng Kéier ouni Zäitlimit accordéiert huet net nees zréckzéien. Déi selwecht Remarque gëllt och fir WaKieKrä.JPG‎, StaLisWa.JPG‎, WaKieKol.JPG‎, Wa KieKolDet.JPG‎. Déi breedgefaassten Definitioun bei Wikipedia:EDP sollt och net Eegelizenzéirung ënnert FU fërderen, mee nc deen nach besteet virun Direktläschung schützen an deem Mooss wéi FU (also net ënnert alle Conditiounen). --Otets 11:42, 31. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wou steet dat datt een eng Lizenz net kann zréckzéien oder änneren, wann et engem säin eegent Bild ass. --Les Meloures 12:31, 31. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Souwuel bei eis, zweetlescht Äntwert op der Säit "Wikipedia:FAQ (Biller)", wéi och bei der offizieller CC-FAQ (Fro "What if I change my mind?"). Dat selwecht gëllt natierlech och fir GFDL, well all Lizenz ass e Kontrakt deen een am Prinzip unilateral weder briechen nach ersetze kann. --Otets 14:00, 31. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Remoien,
An der Lescht goufen en etlech där Lizenzen ëmgebaut. Meng Fro dann zu dëser Saach: Theoreetesch misst d'Bild jo dann eventuell geläscht ginn. (aus anere bekannte Grënn). Oder hunn ech do onrecht? An deem Fall kann de Benotzer d'Bild mat enger neier Lizenz eroplueden, oder net? Ass dat net e bësselche vill Opwand fir dat selwecht Resultat. --Les Meloures 14:10, 31. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Du bass e Schrack ze wäit, mer sinn u sech guer net bei FU, mee dobäi datt d'Wiki d'GFDL-Lizenz déi se rechtlech krut och nees op der Bildbeschreiwungssäit weist. Zu denger theoreetescher Fro, déi sech wéi gesinn hei guer net stellt: D'EDP erlaabt FU, geläscht gëtt also just wann e fräit äquivalent Bild virläit, also wann den Auteur säi Bild ënnert GFDL nees eroplued da gëtt d'FU-Bild geläscht, wat vill Opwand ass fir dat selwecht Resultat, nämlech einfach d'Originallizenz nees beim Originalbild unzeweisen. Et kann een eng restriktiv Lizenz duerch eng méi eng liberal ersetzen, mee ëmgedréint eng liberal duerch eng méi eng restriktiv ersetze geet net. Lizenzéiert Rechter sinn irrevocabel, en Auteur kann der Wiki net verbidden säi Bild weider ënnert deer aler Lizenz ze weisen. Genausouwéineg kann een drop bestoe fir seng Biller läschen ze loossen. --Otets 14:29, 31. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]


Moien
Hei geet et dach guer net drëms datt de Benotzer d'Lizenz einfach esou well änneren well dat him besser passt. Ënner GFDL muss d'Bild geläscht ginn, wéinst den Auteursrechter vum Kënschtler deen Monument gemaach huet. Ënner FU oder wéi s de d'Lizenz wëlls nennen, kann et awer bestoe bleiwen, oder nees frësch eropgeluet ginn. Wanns de d'Lizenz mat engem Kontrakt vergläichs dann ass et och do, wéi bei all Kontrakt. Wann de Kontrakt oder eng Klausel am Kontrakt géint e Gesetz oder eng Regelung verstéisst, dann ass e wuel revokabel, ob unilateral oder net. --Les Meloures 14:42, 31. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]


Hmmm, ech hätt mer wuel solle virdrun ukucke wat iwwerhaapt op de Biller ass. An deem heite Fall hues de natierlech recht, just datt ech net vu revocabel mee vun null an nichteg giff schwätzen an duerch eppes valables ersat ka ginn, mee dat kënnt effektif op datselkecht eraus. Also vergiess meng Remarque an dës ganz Diskussioun. Et kéint ee just soen, datt Bild-Konscht-Architektur besser wier wéi Bild-FU, well déi éischtgenannte gëtt eng Lizenz fir d'Foto a stellt just d'Skulptur ënnert FU. Mee dat ass u sech just eng Méckepéilerei, also näicht fir ongutt. --Otets 14:52, 31. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]