Fluchhafe Lukla
Ausgesinn
Fluchhafe Lukla Tenzing-Hillary Airport | ||
---|---|---|
Fluchhafe Lukla | ||
Lokalisatioun | ||
IATA-Code | LUA | |
ICAO-Code | VNLK | |
Land | Nepal | |
Héicht | 2.774 m | |
Basisdaten | ||
Typ | Ëffentlech | |
Opgaangen | 1964 | |
Statistik | ||
Fluchbeweegungen | bis zu 50 Flich deeglech (Haaptsaison) | |
Bunnen | ||
Numm | Längt | Belag |
06/24 | 457 x 20 m | Asphalt |
Koordinaten | 27° 41' 13" N 86° 43' 47" E | |
De Fluchhafe Lukla, mam ofiziellen Numm Tenzing-Hillary Airport, am Nepal, ass en Altiport fir STOL-Fliger. Mam Fliger ass Lukla vu Kathmandu aus an 30 Minutten z'erreechen. D'Uertschaft Lukla ass den Ausgangspunkt fir de Mount Everest Trek.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Landebunn ass 1964 ënner der Opsiicht vum Sir Edmund Hillary gebaut ginn.
Fluchgesellschaften
[änneren | Quelltext änneren]Nepal Airlines | Yeti Airlines | Sita Air | |||
Gorkha Airlines | Agni Air | Tara Air |
Besonnesches
[änneren | Quelltext änneren]Déi 457 m laang Landebunn huet eng 12 % Dispositioun. Dat bedeit d'Fligere musse biergop landen, a biergof starten.[1]
Geforen
[änneren | Quelltext änneren]Den Tenzing-Hillary Airport ass e geféierleche Fluchhafen. Déi onstabil Meteo, déi 12 % Dispositioun, déi kuerz Landebunn, keng Méiglechkeet fir duerchzestarten an d'Gebitt ronderëm maachen de Fluchhafe sou geféierlech.[2]
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Fluchhafe Lukla – Biller, Videoen oder Audiodateien |