Genetik

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Genetik beschäftigt sech mat deenen Eegeschaften, déi ierflech sinn. Dëst betrëfft natierlech de Mënsch, mä awer och all Déieren a Planzen, a souguer och d'Bakterien an d'Viren. De Pater Gregor Mendel war ee vun de Pionnéier op dësem Gebitt. Seng Erkenntnesser vun der genetescher Iwwerdroung vu verschiddenen Eegeschafte bei den Ierbessen gëllen och haut nach als richteg.

D'Genetik, sou wéi et se haut gëtt, huet an deene leschten 20 Joer ee richtege Boom erlieft, an dat virun allem well zënterhier nei Techniken erfonnt goufen, déi et de Genetiker erlaben, d'ADN vill méi genee z'analyséieren. Dës Technike waren d'Basis fir déi haiteg Applikatioune vun der Genetik, zum Beispill an der Medezin oder an der Kriminalbiologie.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Genetik – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen