Gentechnesch verännerten Organismus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Gentechnesch verännerten Organismus, GVO oder GMO, (Gentechnesch modifiziéierten Organismus, engl. Genetically Modified Organism) ass en Organismus, deem seng Ierfanlagen mat gentechnesche Methode geziilt verännert goufen, fir op déi Manéier Déieren oder Planze bestëmmten Eegeschaften ze vermëttelen, déi mat traditioneller Ziichtung net z'erreeche sinn.
Während an Europa de Verkaf vu GVOe prezis EU-Kennzeechnungsriichtlinnen an den Ubau vu genverännerte Planze streng Oplage respektéiere muss, an dowéinst staark limitéiert ass, klëmmt den Ubau vu genverännertem Mais, Räis, Sojabounen, Kotteng an den USA an a villen Entwécklungslänner stänneg, an huet 2006 iwwer 104 Mio ha Ubaufläch erreecht.