Kompetenz (Pedagogik)

Vu Wikipedia

De Begrëff Kompetenz an der Pedagogik geet ënner anerem op de Kompetenzmodell vun der kritesch-konstruktiver Didaktik vum Wolfgang Klafki zeréck.

Mat deem Begrëff ginn d'Kapazitéite beschriwwen, mat där een a bestëmmte Gebidder Problemer léise kann, awer och d'Bereetschaft, dat dann ze maachen.

Am erzéiungswëssenschaftleche Kompetenzbegrëff sinn also sachlech-kategorial a methodesch Elementer matenee verknëppt an och d'Uwendung.

D'Bedeitung vum Wuert ëmfaasst also d'Fäegkeet, d'Bereetschaft an d'Zoustännegkeet.