Kulturhaus Nidderaanwen

Vu Wikipedia
Kulturhaus Nidderaanwen, riets den alen Deel, lénks de modernen Ubau

D'Kulturhaus Nidderaanwen (Kulturhaus Niederanven) ass e multidisziplinäre Kulturzentrum zu Nidderaanwen.

D'Kulturhaus läit op der Tréierestrooss nieft dem Akafszentrum Les Arcades.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Kulturhaus Nidderaanwe besteet aus zwee Gebaier déi matenee verbonne sinn, dem fréiere Wunnhaus vun der Famill Thorn an engem neien Deel a moderner Bauweis.

Dëst Wunnhaus ass 1850 vum deemolege Gemengesekretär Mathias Schmit gebaut ginn an huet duerno e puermol de Proprietär gewiesselt. Am Joer 1957 ass et un d'Famill Thorn verkaaft ginn. 1998 hunn d'Nokommen der Gemeng Nidderaanwen d'Haus zum Kaf ugebuede mam Wonsch datt et sollt fir ëffentlech Zwecker benotzt ginn.

Den 29. Mee 1998 huet de Gemengerot decidéiert, d'Haus fir Konscht a Kultur ze benotzen. Vun 1999 bis 2002 ass et nach provisoresch als Wunneng fir Flüchtlingen aus dem Kosovo benotzt ginn.

Den Architektebüro Nico Steinmetz an Arnaud de Meyer gouf iwwer eng Ausschreiwung mam Bau beopdraagt. Am Oktober 2004 ass mam Bau, respektiv Ëmbau ugefaange ginn an den 29. Juni 2007 ass d'Kulturhaus Nidderaanwen offiziell ageweit ginn.

D'Raim vum Kulturhaus[änneren | Quelltext änneren]

An deem renovéierten alen Deel, dem fréiere Wunnhaus, sinn d'Büroe fir d'Verwaltung vum Zentrum, eng Kichen an en Ausstellungsraum vun 38 m², deen awer och ka fir Workshopen oder Liesunge benotzt ginn. Ausserdeem ass am alen Deel nach e grousse Raum vu 55 m² mat separatem Agank, deen als Kënschtleratelier geduecht ass an deen och fir Workshoppe ka benotzt ginn. Eng Ausstellungsgalerie vun 100 m², déi hallefsäiteg verglaast ass, ass besonnesch fir Billerausstellunge konzipéiert. Vun dëser Galerie aus gëtt d'Gebai mat dem modernen Ubau verbonnen.

Den Ubau besteet aus engem Raum vun 155 deen op 3 Säiten aus Glas besteet an e schéinen Ausbléck op de Park ronderëm den Zentrum bitt. De Raum huet eng maximal Capacitéit vun 150 Sëtzplazen oder 300 Stéiplazen. Ausserdeem sinn am Ubau nach eng Garderob, d'Toiletten, eng Téik, eng Kichen a Raim fir d'Kënschtler.

De 75 Ar grousse Park mat senge schéine Beem ka fir Open-Air Veranstaltunge benotzt ginn.

D'Kulturhaus ass behënnertegerecht ageriicht.

Verwaltung[änneren | Quelltext änneren]

D'Verwaltung vum Kulturhaus gëtt vun der Asbl Kulturhaus Nidderaanwen[1]. geréiert. En Team vun 3 Persoune këmmert sech ëm d'Programmatioun, Reservatiounen an Administratioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Statuten am Mémorial C — N° 2371 vum 20. Oktober 2007, S. 113796-113799