Li Jiang
De Li Jiang, och Li-Floss genannt, ass eng chineesesch Touristenattraktioun, mat dat schéinst, wat d'Volleksrepublik China ze bidden huet.
De Li ass en 100 km laange Floss deen op enger Längt vun 83 km vu Guilin aus bis Yangshuo mat Touristeschëffer befuer gëtt. D'Visiteure kënnen do eng aussergewéinlech Landschaft gesinn, eng exotesch Landschaft wéi aus engem Mäerchebuch, déi et soss an der Welt néierens gëtt. Op den zwou Säite vum Li-Floss si Kalleksbierger, déi meeschtens eng ofgeflaacht Form hunn. Well de Kalleksteen (Karst) brécheg ass a sech zersetzt, hu sech do vill Hielen oder aner komesch Hiwwelen a Formatioune gebilt, déi all kuckeswäert sinn. Vill chineesesch Moler hu sech vun dëse Landschaftsbiller inspiréiere gelooss. Et fënnt een déi Landschaften och op chineesesche Seidebiller erëm.
Wat eng Faart um Li awer besonnesch interessant mécht, ass d'Geleeënheet, déi een huet, fir de Chinesen op de béiden Uferen nozekucken, wéi se liewen, wéi se hiren Aker bebauen, wéi se schaffen, wéi se fësche ginn, an dann op selwer gebaute Flasser mat hire stréie Kierf bei d'Schëffer kommen, fir do hir Fësch ze verkafen. Déi Schëfffaart hält meeschtens bei Yangshuo op, enger klenger Touristenuertschaft, wou e Souveniren ze kafe kritt an e Vëlo ka lounen, fir op d'Land erauszefueren.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Guilin a Li
-
Guilin a Li
-
Guilin a Li
-
Guilin a Li
-
Guilin a Li
-
Guilin a Li
-
Guilin a Li
-
Yangshuo um Li
-
Yangshuo um Li