Oranje-Fräistaat

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Oranje-Fräistaat
Oranje-Vrijstaat

Fändel vum Oranje-Fräistaat

Wope vum Oranje-Fräistaat

Detailer

Detailer
National Devise: Gehuld en moed
Offiziell Sprooch: Hollännesch
Haaptstad: Bloemfontein
Staatsform: Republik
Fläch: 181.299 km²
Bevëlkerung: ronn 100.000 (1875)
Nationalhymn: Vrijstaatse Volkslied
Wärung: Oranje-Fräistaat-Pond

Den Oranje-Fräistaat (op Hollännesch: Oranje-Vrijstaat, op Afrikaans: Oranje-Vrystaat, op Englesch: Orange Free State) war en eegestännegt Land am Süde vun Afrika, um Territoire vun haitege Südafrika,[1] dat vun 1854 bis 1902 bestanen huet.

E gouf vun de Bure gegrënnt , déi sech do, um Enn vum sougenannte Groussen Treck, néiergelooss hunn, nodeem se der Kapkolonie de Réck gedréit haten, déi ewell eng brittesch Kolonie war. 1902 hunn d'Britten den Zweete Burekrich gewonnen an den Oranje-Fräistaat gouf eng brittesch Kolonie.

1907 krut den Oranje-Fräistaat (wéi och Transvaal) d'Recht op Autonomie an eng eege Regierung zougestanen. 1910 huet e mat der Kapkolonie an Natal d'Südafrikanesch Unioun gebilt, en Dominion bannent dem Britteschen Empire, deemno de facto e souveräne Staat.

Den Territoire huet vun 1910 bis 1994 als Provënz Oranje-Fräistaat virubestanen; zanterhier heescht e Provënz Fräistaat (Sesotho: Foreistata, Afrikaans: Vrystaat Provinsie, englesch: Free State).[2]

De Stack vun der Bevëlkerung ware Buren, Sotho an Tswana.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oranje-Fräistaat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 http://www.britishempire.co.uk/maproom/orange.htm
  2. https://history.state.gov/countries/orange-free-state