Régine Deforges

Vu Wikipedia
Régine Deforges
Gebuertsnumm Régine Marie Léone Deforges
Gebuer 15. August 1935
Montmorillon
Gestuerwen 3. Abrëll 2014
14. Arrondissement
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Dréibuchauteur, Editeur, Filmregisseur, Schrëftsteller
Famill
Kanner Léa Wiazemsky

D'Régine Deforges, gebuer de 15. August 1935 zu Montmorillon (Departement Vienne) a gestuerwen den 3. Abrëll 2014 zu Paräis, war eng feministesch franséisch Schrëftstellerin an Editrice vun Erotikliteratur.

Si huet 1967 am Alter vun 32 Joer als eng vun den éischte Fraen iwwerhaapt en eegene Verlag gegrënnt ('Éditions L'Or du Temps) an deem se virun allem erotesch Literatur publizéiert huet, wat hir deen een oder anere Geriichtsprozess abruecht huet, z. B. wéinst dem Buch Le Con d'Irène. Hire Roman La bicyclette bleue vun 1981 gouf e Bestseller a Frankräich, deen an 22 Sproochen iwwersat gouf. An de 16 Joer duerno koumen 10 aner Bicher no, déi an der Nokrichszäit gespillt hunn, an déi zum Deel den Algeriekrich oder d'Kubakris als Hannergrond haten. Dës Serie gouf uganks vun den 2000er Jore fir d'Televisioun verfilmt.

1980 huet si Regie am Film Les Filles de madame ClaFiude gefouert. Si huet och vereenzelt d'Dréibicher fir Verfilmunge vu Bicher vun hir geschriwwen, déi an den 1990er an 2000er entstane sinn.

Vun 1989 bis 1992 war d'Régine Deforges Presidentin vun der Société des Gens de Lettres de France (SGDL) a war e puer Joer laang Member vun der Jury vum Prix Femina.

2013 huet si hir Autobiographie, L'Enfant du 15 août, déi bal 500 Säiten huet, publizéiert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • La Révolte des nonnes. (Fayard, 1981),
  • L'Orage. (Éditions Blanche, 1986)
  • Pour l'amour de Marie Salat. (Éditions Albin Michel 1987)
  • Sous le ciel de Novgorod. (Fayard, 1989)
  • Rencontres ferroviaires. (Fayard, 1999)
  • La Hire, ou la colère de Jeanne. historischer Roman über Jeanne d'Arc
  • Le collier de perles (Éditions Albin Michel, 2004) ISBN 2-226-15510-4 / 2006: Le Livre de Poche (LGF), ISBN 2-253-11767-6.

Serie vun der Bicyclette bleue:

  • 1981: La Bicyclette bleue. (Fayard) / 1987: Le Livre de Poche (LGF)

25070-X.

  • 1983: 101, avenue Henri Martin. (Fayard) / 1987: Le Livre de Poche (LGF)
  • 1985: Le Diable en rit encore. (Fayard) / 1988: Le Livre de Poche (LGF)
  • 1991: Noir tango. (Fayard) / 1993: Le Livre de Poche (LGF)
  • 1994: Rue de la Soie. (Fayard) / 1996: Le Livre de Poche (LGF)
  • 1996: La Dernière colline. (Fayard) / 1999: Le Livre de Poche (LGF)
  • 1999: Cuba libre!. (Fayard) / 2001: Le Livre de Poche (LGF)
  • 2001: Alger, ville blanche. (Fayard) / 2003: Le Livre de Poche (LGF)
  • 2003: Les Généraux du crépuscule. (Fayard) / 2005: Le Livre de Poche (LGF)
  • 2007: Et quand vient la fin du voyage. (Fayard 2007)

Essayen[änneren | Quelltext änneren]

  • O m'a dit, entretiens avec l'auteur d'Histoire d'O, Éditions Pauvert 1975 ISBN 978-2-7202-1358-8
  • Entre femmes. Éditions Blanche/Éditions Robert Laffont 1999
  • Fragments. (France Loisirs, 1997)
  • Les Non-dits de Régine Deforges. (Stock, 1997)
  • Roger Stéphane ou la passion d'admirer (Fayard/Éditions Spengler, 1995)
  • Camilo. (Fayard, 1999)
  • L'Enfant du 15 août, Mémoires. Éditions Robert Laffont, 2013, ISBN 978-2-221-11310-3.

Erzielungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Blanche et Lucie. (Fayard, 1976)
  • Le Cahier volé. (Fayard 1978)
  • Les Contes pervers (Fayard 1980)
  • Les Enfants de Blanche (Fayard 1982)
  • Sur les bords de la Gartempe. Sammelband mat Blanche et Lucie, Les Enfants de Blanche a Le Cahier volé. France loisirs, 1985, ISBN 978-2724225006
  • Lola et quelques autres (Fayard, 1983)
  • Troubles de femmes. Novellen. (Éditions Spengler, 1994)
  • La petite fille au manteau rose in: Chemin faisant (Le Serpent à plumes 2001)
  • Léa au pays des dragons. (1982)
  • L'Arche de Noé de grand-mère (Éditions Calligram, 1995)
  • Léa au pays des dragons. (Neuausgabe bei Editis, 1991)
  • Léa et les diables. (Éditions du Seuil, 1991)
  • Léa et les fantômes. (Éditions du Seuil, 1992)
  • Le Couvent de sœur Isabelle. (Éditions du Seuil, 1992)
  • Les Chiffons de Lucie. (Éditions Calligram, 1993)

Jugendbicher[änneren | Quelltext änneren]

  • L'Apocalypse de saint Jean (Éditions Ramsay, 1985)
  • Les Poupées de grand-mère (Éditions Stock, 1994)

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Regie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Régine Deforges – Biller, Videoen oder Audiodateien