Robin Williams

Vu Wikipedia
Robin Williams
bei enger Filmpremiere zu Sydney (2011)
Gebuertsnumm Robin McLaurin Williams
Gebuer 21. Juli 1951
Chicago
Gestuerwen 11. August 2014
Tiburon
Doudesursaach Erhänken
Nationalitéit USA
Educatioun Juilliard School,
Claremont McKenna College,
College of Marin
Aktivitéit Stand-up-Komiker, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Komiker, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Lauschterbuchspriecher, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Pantomime
Famill
Bestuet mat Marsha Garces, Susan Schneider
Papp Robert Williams
Mamm Laura McLaurin
Geschwëster Robert Williams
Kanner Zelda Williams

De Robin McLaurin Williams, gebuer den 21. Juli 1951 a gestuerwen den 11. August 2014, war en US-amerikanesche Stand-Up-Komiker a Schauspiller.

Hie gouf bekannt als den Ausserierdesche Mork an Mork & Mindy (1978-1982), an huet an de Joren duerno säin Talent als Komiker an als Schauspiller bewisen. Dem Williams seng Filmcarrière besteet ë. a. aus Filmer, wou e fir seng Schauspillerei gelueft gouf, wéi The World According to Garp (1982), Good Morning, Vietnam (1987), Dead Poets Society (1989), Awakenings (1990), The Fisher King (1991), a Good Will Hunting (1997), wéi och Comédiën, déi grousse kommerzielle Succès haten, wéi Popeye (1980), Hook (1991), Aladdin (1992, Stëmm), Mrs. Doubtfire (1993), Jumanji (1995), The Birdcage (1996), Night at the Museum (2006), Happy Feet (2006, Stëmm), an Happy Feet Two (2011, Stëmm).

Hie krut den Oscar fir déi bescht Nieweroll fir seng Interpretatioun am Film Good Will Hunting, a krut eng sëllegen aner Auszeechnungen, dorënner véier Mol de Golden Globe Award a fënnef Grammy Awards.

De Williams huet sech 2014 mat engem Rimm erhaangen an ass erstéckt. En huet senger Spriecherin no un enger schwéirer Depressioun gelidden[1], a senger Fra no hat e Parkinson an engem fréie Stadium souwéi Angschtzoustänn.[2],[3] Déi Iron Maiden huet him hiert Lidd Tears of a Clown gewidmet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robin Williams – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sprecherin von Robin Williams bestätigt Depressionen. In: dpa, FAZ.net, 12. August 2014
  2. Robin Williams litt an Parkinson-Krankheit. In: Süddeutsche.de, 14. August 2014
  3. Laut Ehefrau Susan Schneider hatte der verstorbene Robin Williams Parkinson. In: Filmstarts.de, 15. August 2014