Rubik's Cube

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dem Rubik säin Zauberwierfel

De Rubik's Cube, och alt Zauberwierfel genannt, ass e Gedoldsspill, dat vum ungaresche Bauingenieur an Architekt Ernő Rubik erfonnt gouf, an ufanks vun den 1980er Jore wäit doruechter verbreet war.

Beschreiwung[änneren]

Et ass e Wierfel vu 57,5 mm Säitelänkt, deen an der Héicht, der Breet an der Déift an dräi Niveauë gedeeelt ass, déi sech duerch eng 90°-Dréiung beweege loossen.

No baussen hi besteet de Cube deemno aus jee 9 Quadraten aus där selwechter Faarf, déi een, eemol verdréint, nees probéiere muss, esou zesummenzebréngen, datt all Säit vum Wierfel déiselwecht Faarf huet.

Zauberwierfel-Varianten

Nieft där "klassescher" Variant vun 3x3x3 klenge Cuben gëtt et der och mat hirer 2x2x2, 4x4x4, 5x5x5, 6x6x6 a 7x7x7. Et gëtt der och an an anere Formen, wéi enger Pyramid, enger Tonn, asw.

Um Spaweck[änneren]

Beschreiwunge vu Léisungen

Commons: Rubik's cube – Biller, Videoen oder Audiodateien