Diskussioun:Crustacéen
Opgepasst, ech mengen elo geet Biologie a Gatronomie duercheneen! Biologesch gesinn sinn Schlecken a Muschelen Mollusken, Crustacéeen dergéint e Grupp Arthropoden. An engem Restaurant kann een awer Muschelen etc eventuell problemlos zu de Crustacéen zielen. Ech proposéieren Crustacéen bei der Gastronomie ze loossen a fir d'Bio bei Kriibsdéieren (Crustacea) resp. Héijer Kriibsen (Malacostraca) ze bleiwen wéi op der Säit Arthropoden ugekennegt --Marcus 14:31, 12 Januar 2006 (UTC)
Maach dat, Marcus, well ech si villäicht net deen Eenzegen, deen net vill Ahnung dovun huet. --Cornischong 14:36, 12 Januar 2006 (UTC)
Crustacéen
[Quelltext änneren]Den éischten Diskussiounsbäitrag heizou ass richteg. Crustacéen (wëssenschaftlech Crustacea)sinn e Grupp vun Arthropoden (Glidderféisser). Schlieken a Muschelen gehéieren zu de Mollusken. An der Gastronomie get et e Wurt fir iessbar Muschelen, Schlieken a Kriibsen: Mieresfriichten (cf franséische Wiki). Ech proposéieren dës Entrée ganz einfach ze sträichen.