Universitéit Sydney
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Universitéit Sydney ass déi eelsten Universitéit an Australien. Si gouf den 1. Oktober 1850 zu Sydney gegrënnt. Zwéi Joer méi spéit gouf si den 11. Oktober 1852 opgemaach. Si gehéiert zur Group of Eight, deenen Universitéite mat deem beschte Ruff an Australien.
Den Haaptcampus ass zu Camperdown, engem Viruert vu Sydney. D’Sandsteengebai am neigotesche Stil gouf vum Edmund Blacket entworf a 1862 verfaasst. De Kaf vu weidere Campusflächen an onofhängege Schoulen huet eng schnell Entwécklung zënter Mëtt vum 20. Joerhonnert erméiglecht.
Fakultéite [änneren]
D’Universitéit ëmfaasst 16 Fakultéite, déi an dräi College gruppéiert sinn:
- College of Health Sciences (Gesondheetswiesen)
- Zännmedezin
- Gesondheetswiesen
- Medezin
- Krankefleg a Gebuertshëllef
- Pharmacie
- College of Humanities and Social Sciences (Geeschtesch- a Sozialwëssenschaften)
- Konschtwëssenschaften
- Volléks- a Betribswirtschaft
- Bildung a Sozialaarbecht
- Graduéierteprogramm fir Regierungsgeschäfter
- Rechtswëssenschaften
- Sydney College vun der Konscht
- Sydney Konservatoire fir Musek
- College of Sciences and Technology (Naturwëssenschaften an Technik)
- Agrar- an Ernährungswëssenschaften, souwéie Buedemschätz
- Architektur
- Ingenieurwëssenschaften
- Naturwëssenschaften
- Déieremedezin
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Universitéit Sydney – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Universitéit vu Sydney
- Sprachkurse an der University of Sydney offiziel gemengnëtzeg dt. Vertriedung