Wikipedia:Protegéiert Säiten

Vu Wikipedia

Eng protegéiert Säit kann nëmme vun Administratore geännert respektiv geréckelt ginn.

Et gëtt verschidde Grënn firwat en Administrator, entgéint dem generelle Wikiprinzip, eng Säit protegéiert:

  • Zum enge sinn et Säiten, déi wichteg Informatioune vun oder iwwer d'Wikipedia enthalen an där hir Verännerung besonnesch bäi nach onerfuerene Wikipedianer grousse Schued uriichte kéint. Dëst trëfft virun allem op d'Haaptsäit an op d'Systemmessagen zou.
  • En anere Grond fir eng (zäitweileg) Protektioun vun enger Säit kann en Edit-War tëscht zwee oder méi User sinn, déi sech hir Ännerunge géigesäiteg réckgängeg maachen. Op déi Aart a Weis kann dann nees eng konstruktiv Diskussioun iwwer de streidegen Aspekt vum betraffenen Artikel opkommen an d'Differenze kënnen a geuerdneter Form bäigeluecht ginn. Duerno steet enger Deprotektioun vun der Säit näischt méi am Wee.
  • Schliisslech kann och repetitive Vandalismus op enger Säit en Administrator dozou bréngen, dës Säit ze protegéieren, wann d'Blockéiere vun der IP-Adress oder dem Usernumm vum Vandal net gräift.

E Logbuch vun de Säitespärunge kann een op der Säit Special:Log fannen ("Protektiounslog" auswielen an op de Knäppche "Lass" drécken).

Wie fënnt, datt en Artikel ze laang gespaart ass, kann op der Diskussiounssäit vun deem Artikel d'Deprotektioun ufroen.