Anus

Vu Wikipedia
Den Anus vun engem Rand, dat am Gaangen ass, ze defäkéieren.
Den After vun enger Fra (lénks) a vun engem Mann

Den Anus oder After (lat. anus, "Réng", gr.: πρωκτός prōktós) ass den Ausgank vum Daarmkanal vum Mënsch a vu villen Déieren (Méizeller). Duerch den Anus verléisst de Kot de Kierper op eng meeschtens kontrolléiert Manéier. Déi Evakuéierung gëtt erméiglecht, andeem d'Schliissmuskelen um Anus sech entspanen.

D'Amphibien, d'Reptiller an d'Vullen hunn e gemeinsame Kierperausgank fir d'Verdauungs-, d'Geschlechts- an d'Exkretiounsorganer. Si gëtt Kloake genannt. Plazentadéieren hu komplett getrennt Ëffnunge fir Kot, Urin a Fortplanzung.

D'Proktologie ass d'Gebitt an der Medezin, dat sech mat den Irregularitéiten um Rektum an um After befaasst. Zu de Krankheetsbiller zielen Analabszesser, Analfistelen, Analfissuren, Analkriibs a Schwellunge vun den Hämorrhoiden.

Stëppercher ginn iwwer den Anus ageféiert.

Well am After vill Nervenenner beieneekommen, ass en empfindlech a gëtt beim Mënsch als erogeen Zon betruecht a spillt eng wichteg Roll beim Analverkéier.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anus – Biller, Videoen oder Audiodateien