Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren". Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
I noticed you added categories in lb:Wiki to some of your pictures. This is not necessary, as they are categorised on Commons.
It is true that some pix have a category here too, but that dates back to old times, and the tendency is have pix & cats on Cmmons (and leave only a few FU exceptions left here).
Ech hu mech duerch den Opruff "Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!" ugesprach gefillt an ech wousst net datt dat net fir jidderee gëllt. Sorry. Wäert elo näischt méi maachen. --Awojwa (Diskussioun) 13:25, 24. Abr. 2019 (UTC)[äntweren]
Ech hunn dat nogekuckt an d'Kamerapositioun 50°2'2.373"N 6°2'31.68"E misst iewel ok sinn. A wat den Artikel Näidsen betrëfft wollt ech et sou maache wéi Dir dat beim Artikel Kéisfuert(Klierf) gemaacht hutt. Sollt ech do eppes falsch gemaach hunn sinn ech gäre bereet bäizeléieren. Schliisslech sinn ech e Greenhorn wat Wikipedia betrëfft--Awojwa (Diskussioun) 14:10, 24. Abr. 2019 (UTC)[äntweren]